Serge Tonnar & Legotrip:

Bomebistro Tour


Tournee am Abrëll a Mee 2014

duerch 16 vun den originellste Bistroen uechter d'Land

Nom Erfolleg vun der Bopebistro Tour, dem Bopebistro Buch an dem Film De Bopebistro Tour, ginn d'Jonge vu Legotrip op d'Bomebistro Tour. Den Numm ass geännert, als Hommage un d'Dammen déi gréisstendeels hannert dem Comptoir stinn, während d'Bopen éischter virdrun unzetreffe sinn.

Eng Tournee duerch 16 Bistroen uechter d'Land. Gespillt a gesonge gëtt nees beim Comptoir, ganz akustesch, ouni Mikro an ouni Kabel, vun der Long op d'Zong.

Museker:
Serge Tonnar / Eric Falschero / Rom Christnach / Misch Feinen
Kostümer: Peggy Wurth
Handyman: Robert Cloos