De BOPEBISTRO TOUR

E Film vum Yann Tonnar


Première op RTL Telé Lëtzebuerg
den 23. Februar 2014
DVD Release: 22. Abrëll 2014

De Bopebistro Tour ass e Film deen de Serge Tonnar a seng Band Legotrip begleet, bei hirer akustescher Tour 2012 duerch d'Duerfcafé'en vum Ländchen. Mam Camper geet et vun der Stad iwwer Miersch bis op d'Éislécker Koppen. E roude Fuedem zitt sech duerch d'Geschichten déi an de Lidder erzielt ginn, an deenen déi an de Gespréicher mat de Bomen a Bopen op d'Tapéit kommen: staarken Tubak. En authentesche lëtzebuerger Film iwwert d'Liewen, den Doud, d'Musek an de Branntewäin. Souzesoen en ethnolomusikologescht Dokument, iwwer Duerfbiller déi sech änneren, Caféskulturen déi verschwannen, an Erënnerungen déi sech opléisen. E Film fir op d'Long ze zéien, bei engem Patt Béier a mat vill Musek.

Yann Tonnar fängt gekonnt kleine Momente vom großen Kneipenglück ein. (...) Es handelt sich hierbei um eine ungewöhnliche Mischung aus Musikvideo und sozialkritischem Dokumentarfilm, der die akustische Tour, die die Band 2012 unternahm, so auf den heimischen Bildschirm bringt. Vom Bopebistro in die Bopestuff sozusagen. (...) Die Bopebistro-DVD, vor allem die Interviews im Film, ist jedenfalls ein wertvolles Dokument lokaler Geschichte, das gerne auch etwas länger hätte sein können.
(d'Lëtzebuerger Land)


Realisatioun: Yann Tonnar
Produktiounsleedung: Serge Tonnar
Kamera: Tom Brucher & Yann Tonnar
Montage: Marc Recchia
Tounopnam Interviews: Philippe Kohn
Tounmix: Charel Stoltz
Tounmontage, Overdubs & Mix Musek: Serge Tonnar
Faarwkorrektur: Marco Jahn
Kostümer: Peggy Wurth
Bopebistro Berodung & Catering: Robert Cloos