Serge Tonnar & Legotrip:

Bopebistrotour


Bei engem Humpen an enger Drëpp
Sëtzen d'Bopen um Stamminet beim Pëpp
Bei engem Humpen an enger Drëpp
Sprangen d'Bopen dem Doud vun der Schëpp

Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp
Wou sëtze mir dann, wann et kee Pëpp méih gëtt
Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp
Wou sprange mir dann dem Doud vun der Schëpp

(Serge Tonnar: Bopebistro)


Tournee am Mäerz 2012 duerch 12 vun den originellste Bistroen uechter d'Land

Wa vill Gruppen dervun dreemen a grousse Stadien op Tour ze goen, da sinn d'Jonge vu Legotrip léiwer an de Bopebistroen ënnerwee. De Bopebistro ass eng kulturell Institutioun zu Lëtzebuerg, déi um Verschwannen ass, de Fortschrëtt wëllt et esou. Ma "net ëmmer heescht de Fortschrëtt, dass mer och virukommen", wéi et am Lidd Bopebistro heescht. Well dee Fortschrëtt deen d'Bopebistroen an d'Bomebutteker verschwanne léisst an duerch Neies ersetzt, schmaacht eis net an ass a Wierklechkeet e Réckschrëtt, e Schratt a Richtung allgemeng Onkultur, global Upassung an uniform Langweil.
Zesumme mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA huet Legotrip en Opruff an der Bevëlkerung gemaach, d'Leit sollen "hiren" Bopebistro fir d'Tournee virschloen. De ganze Mäerz iwwer geet et dann op Tour, an 12 vun den originellste Bistroen uechter d'Land. Gespillt a gesonge gëtt beim Comptoir, ganz akustesch, ouni Mikro an ouni Kabel, vun der Long op d'Zong. Den Entrée fir d'Leit ass gratis, eis Kënschtler gi wéi fréier mam Hutt duerch d'Leit.

Gute Stimmung, wohlige Wärme, kühles Bier und eine verrauchte Wirtsstube! (...) In alten Klamotten, wie halt die "Bopen" von anno damals, tritt die Band vor ihr Publikum. Es geht los! Ohne Verstärker, ohne Mikrofon, ohne Bass, ohne Keyboard ... dafür mit Gitarre, Akkordeon, Kontrabass und Harmonika. (...)
Tonnar lässt sich nicht lumpen: Stimmgewaltig, schelmig, humorvoll!
(Luxemburger Wort)


Museker:
Serge Tonnar / Eric Falschero / Rom Christnach / Misch Feinen
Kostümer: Peggy Wurth
Handyman: Robert Cloos