Serge Tonnar & Legotrip:

BOPEBISTRO

 
bei der Madame Schaack

 

Bei engem Humpen an enger Drëpp
Sëtzen d'Bopen um Staminee beim Pëpp
Bei engem Humpen an enger Drëpp
Sprangen d'Bopen dem Doud vun der Schëpp

Wa vill Gruppen dervun dreemen a grousse Stadien op Tour ze goen, da sinn d'Jonge vu Legotrip léiwer an de Bopebistroen ënnerwee. De Bopebistro ass eng kulturell Institutioun zu Lëtzebuerg, déi um Verschwannen ass, de Fortschrëtt wëllt et esou. Ma "net ëmmer heescht de Fortschrëtt, dass mer och virukommen", wéi et am Lidd "Bopebistro" heescht. Well dee Fortschrëtt deen d'Bopebistroen an d'Bomebutteker verschwanne léisst an duerch Neies ersetzt, schmaacht eis net an ass a Wierklechkeet e Réckschrëtt, e Schratt a Richtung allgemeng Onkultur, global Upassung an uniform Langweil.

Nom Erfolleg vun der "Bopebistro Tour 2012", dem "Bopebistro Buch", dem Film "De Bopebistro Tour" vum Yann Tonnar an der "Bomebistro Tour 2014", widderhëlt Legotrip d'Experienz, zesumme mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA. D'Madame Schaack, mat hiren 98 Joer déi eelste Wiertsfra aus dem Land, mécht hire Bistro extra nach 4 mol op fir des Geleeënheet. Gespillt a gesonge gëtt ënnert de Leit, ganz akustesch, ouni Mikro an ouni Kabel, vun der Long op d'Zong. Den Entrée fir d'Leit ass gratis, eis Kënschtler gi wéi fréier mam Hutt duerch d'Leit.

Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp
Wou sëtze mir dann, wann et kee Pëpp méi gëtt
Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp
Wou sprange mir dann dem Doud vun der Schëpp


27.10. (Sold Out)| 11.11. (Sold Out) | 24.11. (Sold Out) um 19 Auer
26.11. (Sold Out) um 16 Auer

Fir de klengen Honger (bestellen w.e.g.):
Feierstengszalot mat gebootschte Gromperen 12 €
Gromperen & Geméis aus der Pan 10 €
 
Reservéiren obligatoresch:
Telefon: (+352) 2748 9382
Mail: bopebistro@maskenada.lu

Café Schaack
50 Rue Grande-Duchesse Charlotte, L-7520 Mersch