"FLÖCK"

No enger Iddi vum Mady Durrer

Tickets

D’Margritte ass eng Molerin an huet en Hond dee Flöck heescht. Oder ass et ëmgedréint? De Flöck ass en Hond an huet eng Molerin déi Margritte heescht? Heiansdo freet ee sech dat, wann een deenen zwee nokuckt, wéi se hiert Onwiesen am Atelier dreiwen. Ween ass hei de Meeschter? Ass et wierklech d’Margritte, wat probéiert dass de Flöck net ze vill Duercherneen am Atelier mécht, an esou vläicht vergiesse wëll, dass de groussen Duercherneen bei him hannert der Stir ass? A ween ass hei de Kënschtler? Ass et net awer de Flöck, dee vläicht fir méi Chaos suergt, dofir awer och fir méi Kreativitéit, a mat sengen iwwerdimensionalen Oueren vläicht net gutt Nolauschtere kann, dofir op eemol ganz aner Saache fäerdeg bréngt?

D’Theaterstéck „FLÖCK“ baséiert op dem Buch „De Flöck“ vum Mady Durrer an Annick Sinner, dat am November 2015 bei den Editions Guy Binsfeld a Coeditioun mat MASKéNADA eraus komm ass. Et war vun Ufank u kloer dass et net beim Buch alleng bleiwe soll, ma datt de Flöck och den Haaptpersonnage an engem Theaterstéck fir Kanner soll ginn. Et ass eng Geschicht entstanen iwwert de Courage eppes Neies aus ze probéieren an iwwert d'Méiglechkeeten duerch Kreativitéit sech selwer a seng Identitéit ze fannen, besonnesch wann een anescht ass, kuerz, fir d'Oueren net hänken ze loossen, och wa se sou laang wéi dem Flöck seng sinn. Den tolpatschegen Hond gouf vum Annick Sinner als Popp gebaut an den Text vum Mady Durrer fir den Theater adaptéiert. „FLÖCK“ gëtt an Avant-Première um Marionettefestival gewisen, ier weider Virstellungen am Faarwegeschäft Robin zu Leideleng sinn.

D’Stéck riicht sech u Kanner vun 5-8 Joer. Duerno ass e Molatelier fir Kleng a Grouss ënnert der Leedung vun der Kënschtlerin Annick Sinner.

Mam Mady Durrer an Annick Sinner
Regie: Dietmar Blume
Musek: Eric Falchero
Dekor a Kostümer: Peggy Wurth
Assistenz: Corinne Van der Zande
Produktioun a Kommunikatioun: Dani Jung

Virstellungen am Faarwegeschäft ROBIN zu Leideleng (www.robin.lu)
7 r. Jean Fischbach - z.a. am Bann, 3372 Leudelange, Luxembourg
Parking direkt beim Geschäft. (Klickt hei fir eng Kaart)
 
Dauer: Theater 40 Min. / Molatelier 45 Min.
Sprooch: lëtzebuergesch

Premiere:
Samschdes, de 4. Juni um 15:00

Weider Virstellungen:
Sonndes, 5. Juni um 15:00
Samschdes, 11. Juni um 15:00
Sonndes, 12. Juni um 15:00
Samschdes, 25. Juni um 15:00
Sonndes, 26. Juni um 15:00
Samschdes, den 2. Juli um 15:00
Sonndes, 3. Juli um 15:00
Samschdes, den 16. Juli um 15:00
Sonndes de 17. Juli um 15:00
Samschdes, den 23. Juli um 15:00
Sonndes, de 24. Juli um 15:00

Ticketen (Shop - online mat Kreditkaart), floeck@maskenada.lu, T: 27489382):

Kanner 10 Euro, Erwuessener 15 Euro, Kulturpass 1,5 Euro (wann Der ee Kulturpass hutt, mellt Iech w.e.g. am Büro, T:27489382)

Am Präis abegraff sinn d'Virstellung an de Molatelier.

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture