Mir komme bei Iech an Är Haiser, Stuffen a Gärt :)
En eemolegen Owend mat KënschtlerInnen aus dem lëtzebuerger Kollektiv MASKéNADA
Geschichten a Musek bei Iech doheem :)

 
Version française

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA ass bekannt fir seng in- situ Projeten, d.h. mir maache Konscht op ongewéinleche Plazen. Theater fënnt normalerweis net an engem Theaterraum statt, Musik maache mer net an enger Concertshal ma z.B. an enger Karawann, enger Friture, engem Hotel oder an engem Zelt. Dëst Joer decidéieren awer net mir wou mer eis Artisten hischëcken, ma Dir dobausse kënnt eis MusikerInne bei Iech heem invitéieren. Hutt Der eng Scheier, eng Stuff, e Späicher, e Gaart oder soss eng intressant Plaz, da mellt Iech mat Fotoe bei eis. Vu Rap iwwert italienesche Chanson, Jazz a Klassik ass fir all Goût eppes dobäi. Eis KënschtlerInne ginn no hirer Performance mam Hutt ronderëm.

Wat muss Dir maachen?
 
1) Schéckt eis Fotoe vun deene Plaze wou De Concert kënnt stattfannen
 
2) Sot eis wien vun eise KënschtlerInnen Der gäre bei Iech invitéiert
 
3) Lued all Är Kollegen a Bekannten an (d'Unzuel ass Iech iwwerlooss) a loosst Iech an op eng musikalesch Rees an Äre 4 Wänn
 
Dir kënnt als Participatioun en Don fir eis Aarbecht maachen op den CCPLLULL LU04 1111 1124 5835 0000 (MASKéNADA asbl)
 
Méi Infoe kritt Der ënnert der Nummer: 27 48 93 82 oder heemspill@maskenada.lu
 
Méiglech Owender:
 
1) Ammmore! Contes et chants traditionnels italiens
 
2) "One night at the Opera": Klassik
 
3) Räpzodi - akusteschen Hiphop
 
4) Sascha Ley solo, am duo oder trio: Jazz
 
5) Total Trio - Jazz
 
6) Lester Ariah - Electronic Soul- Pop
 
7) Fir d'ganz Famill: Duwaiti waiti waita- d' Delfineninsel
 
Méi Infoen zu den eenzelnen Artisten fann Der hei am Dossier.