FRITURE HENRIETTE UM TOUR
5 Wochen Fritten & Kultur
31. MEE - 1. AUGUST 2015 | FRITURE HENRIETTE

Déifferdeng 31.5.-6.6.    Wooltz 14.6.-20.6.    Réimech 28.6.-4.7.    Iechternach 12.7.-18.7.    Lëtzebuerg 26.7.-1.8.

MASKéNADA feiert seng 20 Joer mat enger Kulturtournee duerch d'Land déi et a sech huet. De Kënschtlerkollektiv huet kuerzerhand d'Friture Henriette gekidnäppt, déi kulteg Frittebud, déi zanter Jor an Dag um Mäertchen an op der Schueberfouer net feelen däerf. Just, dass et elo net nëmme Fritten a Fësch gëtt, ma e kënschtleresche Menü, deen esou schmaacht, wéi dat wat MASKéNADA zanter 20 Joer op den Dësch bréngt: usprochsvoll an awer populär, zäitgenëssesch an awer traditionell. An elo geet et op Tournee op 5 Plazen am Land, op all Plaz mécht d'Friture 1 Woch laang d'Dieren op. An där Woch zerwéiert MASKéNADA kulturell Plättelen déi iwwerraschen a begeeschteren.
 

Frittparade 2000 T dansant Routkäppchen Filmowend Hausbal

De Restaurant ass op alle Plazen ab 11:00 moies op. Reservatiounen fir ze iessen beim Reini Kayser: 621 457 067