KAZ AM SAK 2
 
Version française

9. September, 17:00
Eise Spektakel KAZ AM SAK vum 10. Juni hat misse wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofgesot ginn. Den neien Datum ass Sonndes den 9. September um 17h  
 
Tarif: 20 €, 8€, 1.5 € (Kulturpass)
Tickets: prabbeli.lu
Sprooch: Lëtzebuergesch

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, zesumme mat Hydre Editions an de Partner vum Weeltzer Prabbeli, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plazen an a ronderëm Wooltz an. D'Leit kafen, fir een Owend, d'Kaz am Sak, si wëssen am viraus net wou a wat se kucke ginn.
Op Basis vun engem Text vun engem Auteur(e) entsteet eng Créatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disciplinnen.
D'Platzen hunn d'Identitéit an d'Geschicht vu Wooltz a senger Regioun gepräägt. Béier, Lieder an Natur sinn nëmmen e puer Zutaten déi de KënschtlerInne Stoff gi fir hire Projet zesummenzespannen.
De Publikum wäert des Platzen, déi meeschtens net zougänglech sinn, an engem anere Liicht kenneléieren. Duerch de Storytelling vun den Auteuren an duerch de Bléck vun de KënschtlerInnen entsteet eng Ausernanersetzung mat kulturellem Patrimoine, Aarbechtswelt an och Zukunftsfroen iwwer d'Regioun.
 
Koproduktioun MASKéNADA, Prabbeli, Hydre Editions
 
Weider Infoen: prabbeli.lu / tel: 27489382