Tonnar liest Treinen

Moien Misch!

En Hommage un den Jean-Michel Treinen

18.9. um Theaterfest am Neimënster, 19:30, gratis Entrée (am faarwegen Zelt vu MASKéNADA)

Den Treinens Misch huet iwwert d'Joren eng Reih Zesummenaarbechten mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA gehat, ugefaangen 1996 mat senger lëtzebuerger Iwwersetzung vum Shakespeare Klassiker "Mäcbess", dono bei der Museksproduktioun "taboola rasa" mam Thierry van Werveke, an och nach mat "Nipple Jesus", dem "Bopebistro Buch" an "Kveldulf".
Seng Sprooch ass dat säftegst an deftegst wat hei zu Lëtzebuerg op d'Blat komm ass. Hie war e Rocker am Häerz, e Beamten am Dag an e Genie am Schreiwen. E war esou ontypesch fir Lëtzebuerg an dach nëmmen hei méiglech. Am Januar dëst Joer ass hie gestuerwen, ma amplaz Äddi ze soen, soe mir him léiwer "Moien Misch!" mat dëser Liesung vum Serge Tonnar.