Nipple Jesus


vum Nick Hornby iwwersat vum Jean-Michel Treinen
"Ech hu mech sou gefillt, wéi ech ausgesinn. Wéi een deen ee Meter sechsanachtzeg grouss ass, 95 Kilo weit, Rausschmeisser ass mat enger raséierter Glatz, a keng Ahnung vu Konscht huet"

Premiere: 25.6.2010 Galerie Nosbaum & Reding (Lëtzebuerg)
Weider Virstellungen am Centre d'Art Dominique Lang (Diddeleng)
an an der Galerie Prabbeli (Wolz)

Nipple Jesus ass eng vu ville Kuerzgeschichten, mat deenen de Schrëftsteller a Popkritiker Nick Hornby international vill Erfolleg huet. MASKéNADA huet doraus en Theaterstéck fir eng Persoun gemaach, op lëtzebuergesch, mam Serge Tonnar an der Solo-Roll, ënnert der Leedung vum Marion Rothhaar. De Kënschtlerkollektiv bleift och hei senger Philosophie trei a spillt d'Stéck net an engem Theater, mee a Konschtgalerien uechter d'Land. Well an der Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen gëtt eppes direkt kloer: Nipple Jesus ass en Text, dee wéi d'Fauscht op d'An op d'Verhältnis vun de Lëtzebuerger zur Konscht passt.
Et geet em den Dave, e Rausschmeisser an enger Disco, deen ob eemol Gardien an enger Konschtgalerie gëtt. Em seng Relatioun zu engem Bild, em d'Gedanken déi e sech driwwer mécht, an em d'Reaktioune vun de Leit op d'Bild. Well "Nipple Jesus" ass e richtegt "Skandalbild", an d'Evenementer ronderëm sinn dramatesch. Den Nick Hornby denkt wéi e Philosoph a schreift héich Konschtphilosophie an der Sprooch vun engem englesche Skinhead. Nipple Jesus ass gläichzäiteg philosophesch, romantesch, a virun allem … onwahrscheinlech komesch.

Campé par Serge Tonnar, ce personnage au slang luxembourgeois va droit au coeur. Parce que pour le temps d'une soirée, l'art contemporain n'est plus ce mystère cérébral duquel il faut se garder de dire ce qu'on en pense de peur qu'on ne soit jugé, mais un art à découvrir de façon ludique, humaine et simple. (...) un divertissement intelligent, une capacité de pointer du doigt ce qui ne va pas sans accusation frontale.
(d'Lëtzebuerger Land)


Schauspiller: Serge Tonnar
Regie: Marion Rothhaar
Dekor: Misch Feinen
Produktiounsleedung: Angélique D'Onghia