PLAN(G) B: Trëppeltour duerch Bouneweg an d'Poesie vu sengem Alldag

Premiere: 14. Juni 2013 um 18h30
Treffpunkt bei der Banannefabrik

All Weeër féieren op Bouneweg! MASKéNADA lued an dem PLAN(G) B nozegoen, fir déi onerwaarte Geschichten z'entdecken, déi hannert dem Uschäin vun dësem populäre Quartier laueren.

Dësen interdisziplinäre Parcours léisst d'ZuschauerInne Gebaier, Stroossen, Plazen a Raim zu Bouneweg (nei) entdecken. Vu KënschtlerInnen erduecht a mat begeeschterten Amateuren ëmgesat, entsteet dëse Projet am enken Austausch tëscht Veräiner an AwunnerInnen. MASKéNADA proposéiert eng alternativ Visioun vu Bouneweg fir de Quartier aus engem neie Bléckwénkel ze weisen.

Verschidde Statioune matt klenge Spektakelen a méi Sproochen a Formen erwaarden d'Leit. Déi Virwëtzeg kënnen och op eege Fauscht an ënnert oppenem Himmel déi fest Installatioune vum PLAN(G) B entdecken, déi Geschichte vu gëschter an haut zur Geltung bréngen.

Am Kader vum PLAN(G) B fënnt och eng Zesummenaarbecht mam "Theater Trier" an der "Tuchfabrik Trier" statt. D'Theaterstéck ABER SICHER! vum Elfriede Jelinek gëtt den 18. Juni an der Banannefabrik gespillt an d'multidisziplinär Performance Plan(g) B & Stadt in Aufruhr gëtt den 19. Juni zu Bouneweg an Tréier opgefouert.

Voyons dans "PLAN(G) B" - fruit d'une remarquable collaboration entre artistes, habitants et associations - un hymne à un tissu social riche de ses différences sociales et culturelles, une belle mise en lumière de la vie d'un quartier populaire et bariolé, mais voyons aussi dans cette célébration humaniste un appel à la réflexion sur la porosité des barrières sociales.
(Luxemburger Wort)

(...) des rideaux se sont tirés, des pas de porte se sont peuplés, des promenades se sont arrêtées, des sourires sont apparus, des mains se sont levées, le temps d'une très jolie communion.
(d'Lëtzebuerger Land)


Mam: Alexandra Bentz, Luisa Bevilacqua, Gianfranco Celestino, Larisa Faber, Misch Feinen, Marion Rothhaar, den AwunnerInnen a Verainer vu Bouneweg