Am Kader vum Zyklus "Underground"

Räpzodi

Théâtre du Centaure
4, Grand-Rue Luxembourg
25., 26., 27. & 28. Dezember 2016 (21 Auer)
 
CD hei kaafen

Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi. De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch, also net, wéi gewinnt am Hiphop, mat fäerdeg produzéierte Beats & Samples, mee mat richtegen akusteschen Instrumenter. Et ass déi neiesten Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderem den Tommek, de jonke lëtzebuerger Rapper mat polneschen Originnen, mat de Museker vun der Rockband "All the way down" an de Gebridder Tun & Luka Tonnar. Den Album ass produzéiert vum Serge Tonnar, dee fir MASKéNADA, nieft Eegeproduktiounen, scho Kënschtler produzéiert huet wéi Berny Z, Thierry van Werveke oder Claudine Muno. Räpzodi stellen hiren Album eng éischte Kéier live vir mat dëse Concerten am Dierfgen, am Kader vum Zyklus vun ënnerierdesche Produktiounen "MASKéNADA-Underground".
 
Tel : +352 22 28 28 (Repondeur)
Mail: reservations@theatrecentaure.lu

Präisser:
Normal: 20€
Schüler/Studenten: 8€
Kulturpass: 1,5€
 
Tommek | Rap
John Wolter | Batterie & Rap & Gesang
Jim Thill | Gitar, Batterie
Mateus Wojda | Bass, Piano, Gitar, Gesang
Tun Tonnar | Piano, Rap & Gesang
Luka Tonnar | Gitar, Rap & Gesang