A moies wann de Wecker schellt
Mécht de Mënsch haut grad wéi gëscht
Well e sech keng Froe stellt
An et sech net gär komplizéiert mécht

An d'Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
An aus de Kanner si laang Hämmel ginn
Déi blannemännerches an d'Schluechthaus ginn


(Serge Tonnar: Hämmelsmarsch)


Serge Tonnar & Legotrip:

CD Hämmelsmarsch

De Serge Tonnar a säin Orchester Legotrip kommen dem Ländche kräfteg de Marsch blosen. Den Hämmelsmarsch. Dat ass den neien Danz dee weltwäit verbreet ass, méi wéi den Harlem Shake, et schwätzt just keen dervun. Et ass de Marsch vun enger Welt, wou e Krich am gaang ass, et awer just nach kengem opgefall ass, well ee keng Schëss héiert a keng Bomme gefall kommen. E Krich, wou d'Zaldoten net wëssen dass se Zaldote sinn, a wou et um Schluechtfeld no Chanel a Lacoste richt. An d'Resistenz, déi hei an do mol kuerz opflaamt, gëtt einfach ignoréiert oder diskreditéiert, op alle Fall ass se zimlech muechtlos, well d'Maschinn leeft einfach weider an en Enn vum Krich ass nach net a Siicht. Ëm dëse Krich geet et am Serge sengen neien Texter, awer och em aner kleng a grouss Kämpf, wéi déi kulturell Resistenz vun de Propheten am eegene Land (Lokalmatador), de Krämpche mam eegene Bobo (Et deet sou wéi) oder dem Brutzelen an der Mainstreamhell (Den Hit op RTL). Dëse lëschteg-makaberen Ofgesang geet musikalesch vum Marsch iwwert de Cha Cha Cha bis bei déi balkanesch Kläng aus dem ëstlechen Uelzechtdall. Dofir loosse Legotrip sech um Album, awer och op der Bühn, vun enger zerguttsterter Bloskappell begleeden, déi hiresgläiche sicht, awer nach net fonnt huet.

(...) Hinter der frugalen Klarheit von Tonnars Lieder (!) verbirgt sich ein merklicher sprachlicher Feinschliff, der, auch wenn er zuweilen - Tonnar oblige - wie eine forsche Feder an der Anstandsgrenze kitzelt, gleichzeitig auch das Luxemburgische als poesie- und literaturfähige Sprache beweist.
(Luxemburger Wort)

So hat Tonnar die Wege des einfachen Folksängers verlassen und stellt sich musikalisch viel breiter auf als auf seinen vorherigen Platten. (...) Ein bunter Stilmix, der diese Tonnar-Platte zu einer der Erfrischendsten in seiner Karriere macht.
(Musixx)

Serge Tonnar: Gittar a Gesang
Eric Falchero: Bretellspiano, Klackespill, Mandoline, Gittar, Trompett a Gesang
Misch Feinen: Schlogezei a Gesang
Rom Christnach: Bassgei a Gesang