De Pier an de Wollef ass eng musikalesch Geschicht fir Kanner. D'Mënschen an d'Déieren an dëser Geschicht erkennt een un de verschiddenen Instrumenter a Melodien. Et ass eng Aféierung, mat Spaass a Spannung, an déi klassesch Musek an et léiert een op spilleresch Manéier de groussen Orchester kennen.