NUETSGEJäIZ & BëSCHGEPëSPERS
E Theater-Trëppeltour
@Gemeng Beetebuerg / Obeler
Dëse Projet fënnt am Kader vum Programm “LiteraTour” vun der Gemeng Beetebuerg statt.
FREI 13.05.22
SAM 14.05.22
MËTT 18.05.22
FREI 20.05.22
SAM 21.05.22
FREI 27.05.22
SAM 28.05.22
Auerzäit: de Start hänkt vum Sonnen-Ënnergang vun den eenzelnen Terminer of - géint 20h30.
Details kritt dir bei der Bestellung via Mail geschéckt
ab 14 Joer
Wéi kommen ech dohin:
mam Auto/Zuch
Treffpunkt bei der Gare zu Beetebuerg (Park&Ride)
zu Fouss / mam Bus:
Treffpunkt zu Obeler bei der Kapell - rue du village L-3311
Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a, Monnerech, féiert de roude Fuedem eis elo am Mount Mee op Obeler an de Bësch.
De Parcours duerch de Bësch vun Obeler wäert iech zum Grujele bréngen. Op heemleche Plaze begéint dir den onheemlechste Wiesen an héiert hier Geschichten. No sou ville Joer ass dëst erëm d’Nuecht an där mir eis op d’Juegd beginn. D’Juegd no deem Onbekanntem, dem Duerchdriwwenen, dem Béisen, dem Schlechten. Mir sti fir alles wat réng a puer ass, gutt a gerecht. An dofir gräift är Luucht a kommt mat eis op dësen hellege Kräizzuch! Zesumme maache mir eis op d’Sich no Gestalten aus Seechen, a verstommte Stëmme vu Fraen aus vergaangene Zäiten.
Regie :
Laetitia LANG
AutorIn :
Mandy THIERY & Jean BÜRLESK
Bünebild & Kostüm:
Sophie MEYER
Mask:
Aurélie LANG
Performance:
Elena SPAUTZ, Gianfranco CELESTINO, Jean BÜRLESK, Jeff BECKER, Luc LAMESCH, Mady DURRER, Piera JOVIC, Sabine TONNAR
Stëmmchouer:
Estelle DALSCHEID, Jesabel MOBLEY, Marie-Paule GREISCH, Nikola JOKIC, Nancy JANS, Telma DOS SANTOS
Musek & Sound Design :
Luka TONNAR
Technik:
Amplitude, Sven STREITZ
Projets-Leedeung: Mirka COSTANZI
Artistesch Leedung: Tammy REICHLING
Team
„Fleesch soll net denken“