Detail Detail

DÉI ZWeET PRINZESSIN

Am Kader vun "D'Stad liest & Summer an der Stad"

 

MËTT 16.08 - 11h15
SAM 26.08 - 11h00

Am Haff nierft der Kathedral an der Stad
(Rue Notre-Dame)

Gratis & soulaang Plaze fräi sin.
Reservatioun net erfuerderlech

5+ | 45 Minutten
Kannerstéck
op lëtz.

Am Kader vun "D'Stad liest & Summer an der Stad" fënd dëst partizipatiivt Kanner-Theaterstéck elo am Summer am fräien bei der Kathedral statt.

Et waren emol zwou Prinzessinnen, déi Éischt an déi Zweet Prinzessin. Déi éischt Prinzessin war super gären déi Éischt Prinzessin, awer déi Zweet hat et guer net gären ëmmer dat Zweet ze sinn. Haut wäert déi Zweet Prinzessin all säi Mutt brauchen. Well et ass schonn net ganz einfach erauszefannen, wat genau engem feelt. Dat dann och nach
auszeschwätzen, ass ouni Zweiwel méi schwéier.

Fräi nom Billerbuch ”The second Princess” vum Hiawyn Oram und Tony Ross
Eng Produktioun vum Jungen Landestheater Voralberg,
Éisträich, UA 2018
Relancement an op Lëtzebuergesch iwwersat, 2021

 

TEAM:

Schauspillerin : Rahel Jankowski
Stëmm : Claude Faber
Inzenéierung a Fassung : Benedikt Greiner
Ausstattung : Nadine Mrkwitschka
Theaterpädagogin : Susi Muller

 

Go back

Top