Detail Detail

AN DER SCHWeMM

 

ESCHER THEATER:

SAM 27.01.2024 - 20h
SON 28.01.2024 - 17h

CAPE - CENTRE DES ARTS PLURIELS ETTELBRUCK:

SAM 03.02.2024 - 20h
SON 04.02.2024 - 17h


FESTIVAL DE WILTZ:

SAM 29.06.2024 - 20h30

Theater/Musik-Performance |
70 Minutten,
LU

 

Plitsch Platsch! Ee Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht!

Gutt honnert Joer, nodeems der Komponistin Lou Koster hiren eenzege Musekstheater 1922 uropgefouert gouf, ass An der Schwemm an enger adaptéierter Versioun am Januar zu Esch am Escher Theater, am Februar zu Ettelbréck am CAPE an am Juni um Festival de Wiltz ze gesinn.
Fir d‘Operette huet deemools de Schrëftsteller a Journalist Batty Weber d’Libretto op Lëtzebuergesch geschriwwen. Erzielt gëtt d’Geschicht vun der selbstbewosster Schwëmmerin Lory, déi sech géint d’Avancë vum Fonctionnaire Zengerlé zur Wier setzt. Verkuckt huet hatt sech an de scheien Zaldot a Schwammmeeschter Reddy. D’Schwemm gëtt an dësem mol monteren, mol kriteschen Zenario zum Schmelzdigel vum gesellschaftleche Liewe vun den 1920 Joren. D’Bün gehéiert dobäi ganz der Haaptfigur, déi d’Fräiheet fir sech reklaméiert.

Fir dës Opféierung huet d’Komponistin Tatsiana Zelianko zwou kuerz Zeene kreéiert. An de Rol Gelhausen, bekannt uechtert d’Land als Kabarettist a Komponist, huet sengersäits ee kuerzt Libretto geschriwwen. Mat engem Gespier fir d’Stëmmung vum Original féiert hien d’Geschicht aus der Vergaangenheet an eis Géigewaart an entlackelt hir ganz eege Pointen.

 

Inszenéierung:
Marion ROTHHAAR

Musikalesch Kompositioun:
Lou KOSTER

Musikalesch Kompositioun - Epilog & Prolog:
Tatsiana ZELIANKO

Libretto:
Batty WEBER

Libretto - Epilog & Prolog
Roland GELHAUSEN

Musikalesch Leedung / Dirigent:
Jonathan KAELL - Opera Mobile

Bünebild a Kostümer:
Peggy WURTH

Regieassistenz:
Laetitia LANG

Oeil extérieur:
Jacques SCHILTZ

Coiffure a Maquillage:
Joël SEILER & Valentina BECKER

Gesank - Solisten:
Lory: Valérie STAMMET (Sopranistin),
Zengerlé: Christophe BORNET (Bass),
Reddy: Loïc SCHLENTZ (Tenor)

Mat:
Luc LAMESCH, Misch GESSNER

Chouer:
Sandrine GARCON, Marie MATHIEU, Julie COLIN, Michèle TURPEL, Amandine MOUTIER, Cipriano DE GUZMAN JR, Julien ARDOUIN, Henryk MAZUR, Maria DEVITSAKI

Chouer Leedung:
Andy LOOR

Orchester:
Orchestre de Chambre du Luxembourg

Muséker:
Thomas LAYES (Piano), Isabel VAN GrYSPERRE (Konzertmeister), Maria KULOWSKA (Violoncelle), Patricio BANDA CAVIEDES (Contrebasse), Emma LANDARRABILCO (Flûte), Malou GAROFALO (Clarinette), Philippe NEUMANN (Trompette), Christopher HASTINGS (Percussions)

Choregrafeschen Berooder:
Gianfranco CELESTINO

Luuchten:
Steve DEMUTH

Produktioun:
opera mobile

Produktiouns-Leedung:
Peggy HAMANN

Co-Productioun:
Escher Theater / CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck / Festival de Wiltz / INECC Luxembourg / MASKéNADA

Ënnerstëtzung:
Fondation Indépendance, SACEM Luxembourg

Collaboratioun:
CID Fraën an Gender, Sequentia asbl, CNA

Crédit Photo:
Patrick GALBATS

„Iwerall an ëmmerfort schwammen ass de schéinste Sport!“

PRoDUKTIOUN: Opéra Mobile

Co-PRODUTIOUN:

Go back

Top