Detail Detail

DÉI ROUT DRëPS - WAT KuCKS DU?

En Lauschter-Trëppeltour
@Suessem/Zolwerknapp

E Projet vum: E roude Fuedem duerch de roude Buedem
 
Dir kënnt den Lauschter-Trëppeltour zu all Moment um Zolwerknapp entdecke goen
Start & Arrivée:
Place de l’indépendance zu Zolwer, L-4418

Aller-Retour:
3 km / ongeféier 2 Stonnen
Besoin éiert et lass geet:
- Ee chargéierte smartphone chargé
- Kopfhörer ("on ear" am Bëschten)
- eroflueden vun der Applikatioun "Roude Fuedem" op Google Play oder um App Store
- an der Applikatioun den "Kapp" vum Projet eroflueden
Terminer - Visite guidée:

KREATIOUN | +12
Lauschter-Trëppeltour
(after Esch2022)

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis no Esch2022 & ab Abrëll 2023 op den Zolwerknapp.

Hei si mir op der Sich no der rouder Drëps, op der Sich no der Fra hirem Blutt als Symbol vun hirer Fruchtbarkeet. Hirer empfindlechster Plaz, och a Bezéiungen. D'Kathrein féiert eis duerch de Lauschter-Trëppeltour iwwert den Zolwerknapp. Entdeckt, wéi eng Theemen aus der Legend ëm d’Buergfra eis Meedercher a Fraen haut nach begleeden. Dir braucht just am Virfeld um Handy d'App "Roude Fuedem" erofzelueden & dann den Projet "Déi rout Drëps-Wat kucks du?" downloaden. Esou kënnt dir dann d'QR-Coden déi ënnerwee verdeelt sinn domadder anzescannen an mat Kopfhörer den ënnerschiddleche Stëmmen, déi eis hir Geschicht erzielen, ze lauschteren. Déi rout Drëps verleeft sech wéi e Fuedem um Wee duerch d'Lauschter-Stéck a verdäitlecht, wat déi gemeinsam Stäerkt vun dëse Fraestëmmen ausmécht - well um Enn zielt: Wat kucks du?

Download App:



App name: « Roude Fuedem »
Download: Google Play / App Store

 

Fir Schoul-Klassen & Maison Relais'en & Jugend-Héiser - Jonker ab 12 Joer:
Pedagogeschen-Dossier disponibel ab Mee 2023:

Dësen pedagogeschen Dossier waert fir Iech, léif Pedagoginnen a Pedagogen, konzipéiert ginn, fir Iech eng Ënnerstëtzung ze ginn a fir selbststänneg eng theaterpedagogesch, spilleresch Vir- an Nobereedung zum Lauschter-Trëppeltour mat äre Jugendlecher ze maachen. Mat den Informatiounen an den Hannergrënn vum Projet, der Virstellung vun der kënschtlerescher Equipe, de prakteschen Übungen an Aktivitéite ronderëm d‘Geschicht, kréien Är Jugendlecher d’Méiglechkeet, sech op eng aner Aart a Weis mat der Handlung ausernanerzesetzen. Wann Dir weider Froen oder Umierkungen hutt, kënnt Dir Iech gäre bei Maskénada mellen: info@maskenada.lu

 

Regie :
Regina PICKER

AutorIn :
Jacqueline WILD & Rafael Kohn

Bünebild & Kostüm:
Sophie MEYER

Kënschtlerinnen (Stëmmen):
Elena SPAUTZ, Mady DURRER, Natascha BISBIS, Nora ZRIKA, Marly MARQUES, Melissa DALTON, Mirka COSTANZI, Tammy REICHLING,
Regina PICKER

Musek & Sound Design:
Luka TONNAR

Gesang:
Maya MAUNET

Chouer:

Zolwerspatzen, ënnert der Leedung vum Séverine DESORBAY
Sängerinnen: Alizée DESORBAY, Giuliana DI BERNARDO LUCIUS, Laurie HEMMER, Laurie HAUPERT, Hannah SCHWIRTZ, Béatrice BACH, Lena KLEIN

Iwwersetzungen:
Antoine POHU (FR)
Adriana PINHO (PT)
Carlo & Eugenia COSTANZI-ARMANI (IT)

Theaterpedagogik:
Laetitia LANG

Digital Aarbecht:
Nicolas BRAUCH

Konstruktioun:
Centre nature et forêt Ellergronn,
Alex MATHIS, Jorge AFONSO
Arsène LALLEMANG

Illustratioun:

Annick SINNER

Grafik:
Sonja Gärtner, Schema G

Projets-Leedung: Mirka COSTANZI
Dramaturg: Rafael Kohn



Team

„Wat wäerts du eemol droe mussen?“

PRoDUKTIOUN:

CO-PRoDUKTIOUN:

PaRTNER:

EN WeIDEREN HÄERZLECHE MERCI:

- Här Goerens Mil, Auteur vum Band “Eiser Soen”
- Catherine Richard, mat sengem Film "Vu Fraen an Eisen", 2014.
- Zolwerspatzen
- A Gadder, Kultur-  & Geschichtshaus - François Komposch
- Geschichtsfrënn Gemeng Suessem
- Claude ASSEL
- Lynn REITER & seng Equipp
- Arsène LALLEMAN
- Cliff SCHMIT & seng Equipp
- Peggy HAMANN

 

Go back

Top