Detail Detail

HeEMECHT

 

 

FREIDEN 17.05.2024 - 18h

@Banannefabrik
12, rue du Puits,
L-2355 Bonnevoie


(Gratis Parking just nierwendrun)

Theaterperformance mat Jonker |
50 Min. |
LU, ENG, FR

 

Matzen an enger Stad. Eng Millioun Liewen. Eng Millioun Geschichten. An ee grousst Haus. Voll mat Raim. An all Raum huet anescht ausgesinn. Do ware Leit. All Typpen. Sie wunnen all an der selwechter Strooss. Zu méi oder wéineger där selwechter Zäit. Sie waren all fräi. A si hu sech all déi selwecht Fro gestallt: Wou gehéieren ech hin?
 
An der Recherche an der Konzept-Entwécklung vum Projet iwwer Heemecht - deen am Dezember 2024 stattfanne waer - hunn sech d'Kënschtlerinnen Piera Jovic, Fabienne Hollwege & Laetitia Lang mat SchülerInnen zesummen gesaat fir mat hinnen iwwert dës Thema ze schaffen.
 
Am Virfeld vun hirer Performance, ass eng Theaterperformance exklusiv mat SchülerInnen vun der ENAD, Ecole Nationale pour Adultes, erauskomm.
Merci un Fondation Sommer fir d’Ënnerstëtzung vum Projet.

An dëser Performance gett d’Publikum vun 16 Jonker op der Sich no der Heemecht begleed. Duerch Text, Beweegung a Musik versiche si eng Äntwert, oder zumindest en Usaz ze fannen, wat Heemecht fir si bedeit.

 

Mam:
Diogo Santos BROÂS, Aniel TAVARES, Elyas SAFI, Angi LIEGEOIS, Lou KERSCHEN, Gabriella FAJARDO, Raquel DOS SANTOS EVORA, Damien DE ALMEIDA PINEDA, Bob WEHR, Leandro SANCHEZ, Bryan RUPPERT, Eva REDING, Ron ERPELDING, Sandy AtTKINSON, Sofiane ASNOUNI

Theaterpädagogik:
Laetitia LANG

Kënschtleresch Mataarbecht an Oeil extérieur:
Piera JOVIC & Fabienne HOLLWEGE

Kënschtleresch Mataarbecht a Leedung un der ENAD:
Tania BIEL

Collaboratioun:
ENAD - Ecole Nationale pour Adultes

Finanziell Ënnerstëtzung:
Fondation Sommer

Produktioun:
MASKéNADA

 





„Heemecht schmaacht fir mech bitter sweet“

PRoDUKTIOUN : MASKéNADA

MAT DER ËnNERSTËTZUNG:

Go back

Top