Detail Detail

KAPoUTTY

Serge Tonnar & Georges Urwald

 

 

MËTT - 05.02.2025, 19:30
FREI - 07.02.2025, 19:30

Tickets: 25€ | méi Infos op luxembourgtickets.lu


@ TNL
- Théâtre National du Luxembourg
194, route de Longwy
L-1940 Luxembourg
Luxembourg

Concert

De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan

Den Duo Tonnar Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d'Geschichten nees am Mëttelpunkt stinn, mam Serge senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges senge Pianoskläng, déi wéi d'Fauscht op d'A passen. No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm "Aus der Heemecht", hunn si elo hiren neien Album "KAPOUTTY" am Gepäck. Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi "Déi Schnëss" oder "De schéine Poli", kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner opreegend) ze héieren.

Den Album gouf komplett analog zu Amsterdam opgeholl gemixt a gemastered, dat an der Lullabye Factory. Fir de Cover vun der LP huet de Raphael Gindt e Graffiti vum Poutty Stein zu Colmar-Bierg realiséiert, dem Poutty senger Heemechtsgemeng.

LP-Release: März 2025
LP ass am presale
op eisem Shop ze fannen

 

Gesang, Gittar, Gittaleelee, Bass, Perkussioun: Serge Tonnar

Piano, Hammond, Rhodes, Battri, Perkussioun, Gesang: Georges Urwald

 

Alles analog opgeholl, gemixt a gemastered: vum Christoph Walter an Tim van Veen an der Lullabye Factory Amsterdam
Graffiti : vum Raphael Gindt (am Optrag vun der Gemeng Colmer)
Virlag: aus der Sammlung vum Guy Schons
Foto: vum Laurent Sturm

Productioun Concert:
TNL

Partner:
MASKéNADA, STUED THEATER

Productioun CD:
MASKéNADA & STUED THEATER

Finanziell Ënnerstëtzung:
Ministère de la culture

 







„ Ech hunn dat alles nogekuckt et huet mech wuel verdross “

Go back

Top