Detail Detail

OuNI KAPP

En Lauschterstéck
BONUS TRACK

E Projet vum: E roude Fuedem duerch de roude Buedem

 

Just disponibel op der Applikatioun:
"Roude Fuedem"

Dëst Lauschterstéck gëtt eréischt op der App fräigeschalt wann dir 2 vun denen 4 Lauschter-Trëppelweeër gelauschtert hutt.
(disponibel ab 05.05.2023)

KREATIOUN | +12
Lauschterstéck | 13min
(after Esch2022)

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis ab 2023 op eng digital Rees.

D'Gepëspers vun enger Fra ouni Kapp schläicht sech duerch d'Noperschaft. Wat stécht dohannert? An dësem Lauschterstéck, dat een exklusiv nëmmen op der Applikatioun « Roude Fuedem » ze lauschtere kritt, ginn intim Portraite vu lokale Figure virgestallt. Si si markéiert vun Onsécherheet, Virwëtz, Roserei a Verrécktheet. Mat normbriechenden Texter ginn d'Facettë vun der Identitéit, Sexualitéit an dem Geschlecht duergestallt an erausgefuerdert, an dat op véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch). Also gutt oppassen, soss verléiert ee villäicht selwer de Kapp….

Download App:



App name: « Roude Fuedem »
Download: Google Play / App Store

 

Regie:
Daliah KENTGES

Autoren  & Kënschtlerinnen (Stëmmen):
Sandy HEEP, Antoine POHU,
Cosimo SUGLIA, Fernando DA MOTA MARTINS,
Fernando DA MOTA MARTINS, Mady DURRER

Musek & Sound Design & Technik:
Luka TONNAR

Projets-Leedung: Mirka COSTANZI
Dramaturg: Rafael Kohn

Team

„do ass et grad esou geheimnisvoll verschwonnen, wéi et opgekräizt war“

PRoDUKTIOUN:

PaRTNER:

EN WeIDEREN HÄERZLECHE MERCI:

- Här Goerens Mil, Auteur vum Band “Eiser Soen”
- Peggy HAMANN

 

Go back

Top