Serge Tonnar & Legotrip

Äddi & bon voyage


leif & anplackt am Groussen Theater

7. Dezember 2012

De Serge Tonnar & LEGOTRIP schléissen hir Tournée 2011-2012 of a soen Äddi & bon voyage mat engem leschte grousse Concert. Mat hirer Musek, hiren Texter, an hire Concerten ausserhalb dem "Museksbusiness", gehéiere si zu de wéinege Kënschtler am Land, déi, als Kontrapunkt zum globaliséierten Eenheetsbräi, eppes zu der Situatioun hei ze soen hunn, an dat an hirer Mammesprooch.
Souzesoen als Kaddo fir Äddi a Merci ze soen, brénge Legotrip den Dag vum leschte Concert och hiren CD & DVD Legolive eraus.

Un "au revoir" très acclamé. (...) Ce trublion national (Serge Tonnar) à la plume affûtée et au regard toujours oblique sait aimanter son public par des textes qui font mouche, des thèmes communs à tous et une franchise de ton qui fait rire sous cape.
(Luxemburger Wort)


Serge Tonnar: Gittar a Gesang
Eric Falchero: Bretellspiano, Klackespill, Mandoline, Gittar, Trompett a Gesang
Misch Feinen: Schlogezei a Gesang
Rom Christnach: Bassgei a Gesang
Special guests: Gilles Corbi an David Moreira