Serge Tonnar: aner Lidder
 
21.09.2019 20.00

De Serge Tonnar beréiert d'Mënsche mat senge Lidder op Lëtzebuergesch zanter 2003, wou den éischten Album mam Titel "Legotrip" erauskomm ass. Zanterhier beweist e mat groussem Erfolleg, dass et wichteg ass Geschichten vun hei an elo, an der Sprooch vun hei an elo ze zielen. Bis haut sinn mat Legotrip 8 Produktiounen op CD, LP an DVD erauskomm. Awer e Museker ass fir d'éischt och emol selwer e Museksfan. Mam Programm "De Serge Tonnar séngt aner Lidder" wëllt hien en Hommage un d'Konscht vum Lidderschreiwen ofliwweren, op engem Album a mat engem grousse Concert. Um Programm sti Wierker vun Jacques Brel, Léo Ferré, Francis Cabrel, Udo Lindenberg, John Lennon, Bob Dylan, Nick Cave, U2 an anere Kënschtler. D'Lidder sinn all op Lëtzebuergesch iwwersat ginn, a ginn nei interpreteiert, mat minimalisteschen Arrangementer, zesumme mat e puer spezielle Gäscht.

Ticketen iwwert d’Billetterie vun der Philharmonie: https://www.philharmonie.lu