KAZ AM SAK 5
07/09/11.11.2019, 20:00

« Stell der vir, du klëmms do an dee Bus an da léiss de dech féieen.
Du weess zwar net wouhin, mä du léiss dech drop an...
An dann op eemol kënns de un.
Du has der alles erwaart, mais net dat do.
Du klëmms eraus a scho geet et lass.
Ween hätt dat geduecht, grad hei, an och nach  esou eppes ! »

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, zesumme mat Hydre Editions an dem CCRD opderschmelz, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op eng symbolesch, historesch an ongewéinlech Plaz zu Diddeleng an. D’Leit kafen - scho fir déi 5. Kéier - d’Kaz am Sak, si wëssen am Viraus net wou a wat se kucke ginn. Op Basis vun engem Text vun engem/r SchrëftstellerIn entsteet eng Kreatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disziplinnen.

D'Plaz huet d'Identitéit an d'Geschicht vun Diddeleng gepräägt. De Publikum wäert dës Plaz an engem anere Liicht kenneléieren.

****

En Theaterstéck op e puer Sproochë fir Erwuessener a Jonker vu 14 Joer un.

Treffpunkt ass um 19h45 am Accueil vum CCRD opderschmelz. Zesumme gi mir dann op d'Plaz, wou d'Kaz aus dem Sak gelooss gëtt.

****

Prévente / Vorkerkauf: 5 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir / Abendkasse: 7 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Tickets: http://www.opderschmelz.lu oder https://ticket.luxembourg-ticket.lu

Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte an der Fondation Indépendance.