KAZ AM SAK 4
21.07.2019, 16:00

« Stell der vir, du klëmms do an dee Bus an da léiss de dech féieen.
Du weess zwar net wouhin, mä du léiss dech drop an...
An dann op eemol kënns de un.
Du has der alles erwaart, mais net dat do.
Du klëmms eraus a scho geet et lass.
Ween hätt dat geduecht, grad hei, an och nach  esou eppes ! »

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, zesumme mat Hydre Editions an de Partner vu Coopérations an dem Festival de Wiltz, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plazen an a ronderëm Wooltz an. D’Leit kafen – scho fir déi 4. Kéier - d’Kaz am Sak, si wëssen am viraus net wou a wat se kucke ginn.

Op Basis vun engem Text vun engem Auteur(e) entsteet eng Créatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disciplinnen. D'Platzen hunn d'Identitéit an d'Geschicht vu Wooltz a senger Regioun gepräägt. Béier, Lieder an Natur sinn nëmmen e puer Zutaten déi de KënschtlerInne Stoff gi fir hire Projet zesummenzespannen.

De Publikum wäert des Platzen an engem anere Liicht kenneléieren. Duerch de Storytelling vun den Auteuren an duerch de Bléck vun de KënschtlerInnen entsteet eng Ausernanersetzung mat kulturellem Patrimoine, Aarbechtswelt an och Zukunftsfroen iwwer d'Regioun. 

Koproduktioun MASKéNADA, Coopérations Wiltz, Festival de Wiltz, Hydre Editions
Tarif: 20 €, 8€, 1.5 € (Kulturpass)

Tickets: prabbeli.lu / festivalwiltz.lu
Treffpunkt: Hotel beim Schlass, 1 Grand Rue, Wiltz
Sprooch: Lëtzebuergesch / Däitsch
 
Weider Informatiounen:
- net accessibel fir Persounen mat mobilité réduite
- fest Schongwierk matbrengen
- e Prabbeli falls et reent
 
 
  Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte an der Fondation Indépendance.