(c) Tammy Reichling

KAZ AM SAK

D'KënschtlerInne vu Maskénada, zesumme mat den Auteure vun Hydres Editions an de Partner vum Weeltzer Prabbeli, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plazen an a ronderëm Wooltz an.
 
D’Leit kafen, fir een Owend, d’Kaz am Sak, si wëssen net wou a wat se kucke ginn.
 
Op Basis vun engem Text vun engem Auteur dee vun Hydre Editions proposéiert gëtt, entsteet eng Créatioun ronderëm eng Rei KënschtlerInne vu Maskénada.
 
D'Form vun dëser Créatioun ass fräi a kann an all méiglech Disziplin ëmgesat ginn.

PROJET 3: En Haus wéi en Haus
 
Lieu: Eidelt Haus vun der Wooltzer Gemeng
 
Texte: Elise Schmit

"Et ass just en Haus. Du hues zoufälleg emol hei gewunnt. Souvill wëll dat net heeschen." "Et ass mäin Doheem."

Dräi Gesëschter treffen sech nom Doud vun hirer Mamm, fir dat Haus ze verkafen, an deem si opgewuess sinn. Si hunn sech eng Zäit net gesinn, mee déi al Dynamik tëschent hinnen ass direkt nees präsent. Do ass deen, deen sech fir alles verantwortlech fillt, deem, deen esou mécht, wéi wann him alles egal wär, an deen, deen sech ëmmer schonn e wéineg zeréckgesat gefillt huet, well e méi jonk ass wéi déi aner. Des Dynamik spillt och do, wou et drëm geet, fir de Wäert vum Haus festzeleeën – am emotionale wéi am finanzielle Sënn. An all Raum vun deem delabréierten Haus begéinen déi Dräi Spure vun deem, wat dat Haus emol fir si bedeit huet. Si gi mat all Schrëtt duerch de Gank, d’Kichen, d’Stuff an d’Kummeren zeréckgehäit a Momenter vun hirer Kandheet a Jugend, déi si gepräägt hunn. Si fannen awer och Spure vun engem méi rezente Gebrauch vum Haus, vun deem si nach näischt woussten.

„En Haus wéi e Haus“ beschäftegt sech mat Raum a szenischer Performance an engem verloossenen Eefamiljenhaus zu Wooltz. Eng Parallelwelt an där et drems geet weini däint mäint, a weini mäint mäint ass.

Wéi geet ee mat enger gedeelter Ierfschaft em? Wat bleift vun deem fréieren Zesummen- a Laanschteneeliewen, wann déi Plaz verschwënnt? Wat kascht d’Erënnerung? Wéini ass en Haus just en Haus – a wéini ass et een Doheem?

Mam:
Piera Jovic, Annette Schlechter a Clod Thommes
 
Mise en scène:
Tammy Reichling
 
Assistenz:
Frédérique Colling