(C) Frank Meiers

KAZ AM SAK

D'KënschtlerInne vu Maskénada, zesumme mat den Auteure vun Hydres Editions an de Partner vum Weeltzer Prabbeli, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plazen an a ronderëm Wooltz an.
 
D’Leit kafen, fir een Owend, d’Kaz am Sak, si wëssen net wou a wat se kucke ginn.
 
Op Basis vun engem Text vun engem Auteur dee vun Hydre Editions proposéiert gëtt, entsteet eng Créatioun ronderëm eng Rei KënschtlerInne vu Maskénada.
 
D'Form vun dëser Créatioun ass fräi a kann an all méiglech Disziplin ëmgesat ginn.

PROJET 2: SANITY
 
Lieu: Ruine vum ale Sanatorium zu Wooltz am Bësch
 
Texte: Tullio Forgiarini

“Sanity” Performance:

Mat der Kollektiv-Kreatioun “Sanity” setze 4 Kënschtlerinnen sech wärend enger Woch mat Kranksinn, Trauma, Manipulatioun, an Tabu auserneen: Themen déi net nëmmen isoléiert Anstalte betreffen, mee den Alldag vu jidderengem. Ab wéini ass ee krank? Wien bestëmmt dat? Wiem kann ech vertrauen?

Wei fréier Lepra, Homosexualitéit oder Hysterie, suergen haut Burn-out, Anxiety an och ADS dofir, dass verschidde Leit a Verhalensweise stigmatiséiert ginn. An enger Institutioun sollen si erëm "gesond” ginn: De Mënsch als optiméierbart Produkt, dat muss kontrolléiert ginn. Wat fir eng Heelung brauche mir? Musse mir dofir onbedéngt wäit fort an e Sanatorium oder kenne mir eis och selwer oder géigesäiteg hëllefen?

Op dësem Site, dee sollt zu engem Sanatorium fir Tuberkulos Kranker gebaut ginn, begéinen sech véier Fraen aus verschiddene Generatiounen. Dem Tullio Forgiarini säin Zeenario ass vun de véier Performerinne mat Creative Writing weider exploréiert ginn, fir en Abléck an d’Ënnerbewosstsinn vun hire Personnage ze schafen. Duerch dës Approche, déi souwuel kënschtleresch wéi och therapeutesch agesat ka ginn, ass eng Performance entstanen, déi Beweegung, Stëmm an Theater zesummebréngt.

Création collective et performance:
 
Luisa Bevilacqua, Frédérique Colling, Catherine Elsen, Piera Jovic
 
Oeil extérieur: Tammy Reichling
 
Assistant technique: Raphael Gindt / Flore Friden
 
Encadrement artistique: Catherine Elsen