HAUSBAL
DRÉIUERGEL-KARAOKE & MAMBO SCHINKI
Freides owes ass Hausbal an der Friture Henriette, awer kee Bal ewéi déi aner. Et geet lass mat engem Dréiuergel-Karaoke. Mat senger Turlatäin oder Lantermagik, wéi d'Dréiuergel richteg op Lëtzebuergesch heescht, luedt de Guy Arend an fir mat ze sangen. Lëtzebuerger Klassiker sinn dofir speziell op Kartonge gedréckt ginn, déi d'Päifen an der Turlatäin un d'Klénge bréngen.
Den Eemannorchester Mambo Schinki ass grad esou skurril wéi de Sound vu senger Yamaha D-85 Uergel aus dem Joer 1982, déi gréissten Heemuergel déi jeemools gebaut gouf. Lidder vun alle Stiler vu gëschter an haut, vun Helge Schneider iwwer Rammstein bis David Guetta, erkléngen als Polka, Mambo, Rhumba, Disko oder Walzer.
Déifferdeng, Freideg, den 5. JUNI 2015 (20:30)
Friture Henriette um Parking vum 1535° (hei klicke fir eng Kaart)
Wooltz, Freideg, den 19. JUNI 2015 (20:30)
Friture Henriette um Parking vun der "Place des Martyrs (hei klicke fir eng Kaart)
Réimech, Freideg, den 3. JULI 2015 (20:30)
Friture Henriette op der Place Dr Fernand Kons (hei klicke fir eng Kaart)
Iechternach, Freideg, den 17. JULI 2015 (20:30)
Friture Henriette op der Kiermesplaz A Kack (hei klicke fir eng Kaart)
Lëtzebuerg, Freideg, den 31. JULI 2015 (20:30)
Friture Henriette um Glacis (hei klicke fir eng Kaart)
Ouni Reservatioun | € 10
De Restaurant ass virum Bal op!
T (+352) 2748 9382
@ frittefett@maskenada.lu
De Restaurant ass op.