Frittparade 2000
oder
Dem Frittekätt seng ketchuprout Revanche
E FALSCHE FILM VUM SERGE TONNAR
"Frittparade 2000" ass e musikalesch-kriminellt Koméidistéck, e falsche Film, an där d'Friture Henriette d'Bühn gëtt fir pecheg Geschichten, fetteg Bezéiungen a kriminell Niewenaktivitéiten.
Méi Infos
Mam Gianfranco Celestino, Mady Durrer, Larisa Faber, Misch Feinen, Al Ginter, Nilton Martins, Katie Roch, Annette Schlechter, Sabine Tonnar-Stoltz, Serge Tonnar
Kënschtleresch Leedung Misch Feinen & Serge Tonnar Assistenz Marion Rothhaar Choreographie Gianfranco Celestino Bühn Anouk Schiltz Kostüm Peggy Wurth Hoer & Make-up Joel Seiller Toun Serge Tonnar Grafik Misch Feinen Technesch Leedung Do Demuth Fotos Jeanine Unsen Produktioun a Kommunikatioun Dani Jung
DÉIFFERDENG, JUNI 2015: 2, 3, 4, 6 (19:30)
Friture Henriette um Parking vum 1535°, 115, rue Emile Mark (hei klicke fir eng Kaart)
WOOLTZ, JUNI 2015: 16, 17, 18, 20 (19:30)
Friture Henriette um Parking vun der "Place des Martyrs" (hei klicke fir eng Kaart)
RÉIMECH, JUNI 2015: 29, 30 JULI 2015: 2, 4 (19:30)
Friture Henriette op der Place Dr Fernand Kons (hei klicke fir eng Kaart)
IECHTERNACH, JULI 2015: 14, 15, 16, 18 (19:30)
Friture Henriette op der Kiermesplaz A Kack (hei klicke fir eng Kaart)
LËTZEBUERG, JULI 2015: 28, 29, 30 AUGUST 2015: 1 (19:30)
Friture Henriette um Glacis (hei klicke fir eng Kaart)
De Präis vu 40€ / 25€ bei der Frittparade 2000 ass fir de Menu, d'Entrée an de Spektakel. D'Gedrénks ass net am Präis abegraff.
Mat enger Theaterkaart kascht d'Entrée an de Menü 30€. Schreift w.e.g. eng Mail mat Ärer Reservatioun op frittefett@maskenada.lu a bréngt Är Kaart den Owend selwer mat.
Wann Dir e Kulturpass hutt, gär vegan iesst oder soss Froen hutt, setzt Iech wegl mam Büro a Kontakt. (T. 27 48 93 82 / frittefett(at)maskenada.lu).
*Fir op eng Waardelëscht, schreift w.e.g. e Mail u frittefett(at)maskenada.lu mam Vermierk Waardelëscht an dem Datum. Mir mellen ons falls eppes fräi sollt ginn. Villmools Merci!"
De Restaurant ass op.