Frittparade 2000
oder
Dem Frittekätt seng ketchuprout Revanche

E FALSCHE FILM VUM SERGE TONNAR

De Publikum an der Friture Henriette, dee fir d'éischt gudde Kascht aus der Kichen opgedëscht kritt, fënnt sech op eemol erëm an enger "immens flotter a professioneller Show" mam lackelegen Numm "Frittparade 2000". Séier muss een awer feststellen, dass des Show wuel gutt gemengt, awer schlecht gemaach ass. An der Friture selwer, tëscht den Dëscher, spillt sech dann och nach e bluddege Familljendrama of, mat skurrile Personnagen ënnert dem Personal an de Clienten, déi all an den 80er Joeren hänkebliwwe sinn.
"Frittparade 2000" ass e musikalesch-kriminellt Koméidistéck, e falsche Film, an där d'Friture Henriette d'Bühn gëtt fir pecheg Geschichten, fetteg Bezéiungen a kriminell Niewenaktivitéiten. Stilistesch ass et en Hommage un d'1980er Joeren, eng Period déi haut gär lächerlech gemaach gëtt, an där d'Musek, d'Moud an d'Frisuren awer bei wäitem méi originell waren, wéi déi formatéiert, globaliséiert a standardiséiert Ausdrocksforme vun haut.

Mam Gianfranco Celestino, Mady Durrer, Larisa Faber, Misch Feinen, Al Ginter, Nilton Martins, Katie Roch, Annette Schlechter, Sabine Tonnar-Stoltz, Serge Tonnar
Kënschtleresch Leedung Misch Feinen & Serge Tonnar Assistenz Marion Rothhaar Choreographie Gianfranco Celestino Bühn Anouk Schiltz Kostüm Peggy Wurth Hoer & Make-up Joel Seiller Toun Serge Tonnar Grafik Misch Feinen Technesch Leedung Do Demuth Fotos Jeanine Unsen Produktioun & Kommunikatioun Dani Jung

D'Tickete ginn et hei.

DÉIFFERDENG, JUNI 2015: 2, 3, 4, 6 (19:30)
Friture Henriette um Parking vum 1535° (hei klicke fir eng Kaart)

WOOLTZ, JUNI 2015: 16, 17, 18, 20 (19:30)
Friture Henriette um Parking vun der "Place des Martyrs" (hei klicke fir eng Kaart)

RÉIMECH, JUNI 2015: 29, 30 JULI 2015: 2, 4 (19:30)
Friture Henriette op der Place Dr Fernand Kons (hei klicke fir eng Kaart)

IECHTERNACH, JULI 2015: 14, 15, 16, 18 (19:30)
Friture Henriette op der Kiermesplaz A Kack (hei klicke fir eng Kaart)

LËTZEBUERG, JULI 2015: 28, 29, 30 AUGUST 2015: 1 (19:30)
Friture Henriette um Glacis (hei klicke fir eng Kaart)

T (+352) 2748 9382
@ frittefett@maskenada.lu
 
De Restaurant ass op.