Wéi d’Zäit vergeet. Erëm ee Joer méi mat lauter Erënnerungen a Momenter. Ee Joer voll mat Musik, Theater, Performances, Liesungen a villes méi. MASKéNADA huet och dëst Joer rëm néi Membere wëllkomm geheescht, huet an der läschter Saison néi Erfarunge gemaach an ass un Erausfuerderungen erugetrueden an se mol méi mol manner gutt gemeeschtert. Ouni Ärer Hëllef wär dëst alles guer net Méiglech gewiescht. Dofir wollte mir Iech e groussen MERCI soen. MERCI vir är Ënnerstëtzung, är Iddien, d’Gespréicher, d’Zesummenaarbecht an d’Zesummekommen.
Mee ier mir ze vill sentimental ginn, kucke mir dach mol, wat nach kënnt, d’Joer ass jo nach net ganz eriwwer a mir hunn nach e puer Schlabäizercher mat denen mir iech d’Zeit bis 2025 wëlle verséissen.
-
J’existe – E multidimensionale Projet mam ATD Quart Monde
No méi wéi ee Joer Zesummenaarbecht mat der Associatioun ATD Quart Monde Lëtzebuerg, invitéiere mir Iech op e Weekend am November : De 15. November ass eng Table Ronde zum Thema “Armut-Identität-Gesellschaft“ an de 16. November presentéieren Iech d’Mënschen, déi a prekäre Situatioune liewen, KënschtlerInnen, déi un dëse Projet gegleeft hunn, a Leit aus verschiddene Gesellschaftsschichten, déi sech fir d'Rechter vu Mënschen, déi an Aarmut liewen, asetzen, de Spekatel J‘existe. --> Méi dozou ënnen an dëser Email.
Vum 13. bis den 15. Dezember kënnt dir dem Fabienne Hollwege an dem Piera Jovic hier walkabout Installatioun Hom(e)anity an d’Banannefabrik kucke kommen. An Installatiounen, Performancen, Filmer an nach villes méi weisen d’Kënschtlerinnen hier Froen a Gedanken zum Thema Heemescht.
An nächst Joer hu mir all Grond ze féieren. An zwar 30 JOER MASKéNADA! Dofir hu mir eis e ganz besonnesche bonte Programm vir Iech afale gelooss:
-
KAPOUTTY vum Serge Tonnar an dem Georges Urwald
Och eng CD hu mir dëst Saison erëm um Programm. Mam Serge Tonnar senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges Urwald senge Pianoskläng, hunn si elo hiren neien Album Kapoutty am Gepäck: Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. De 05. an de 07. Februar 2025 spillt den Duo Tonnar Urwald am TNL.
Vun Mäerz bis August 2025 wëlle mir duerch ganz Lëtzebuerg mat eiser Rulott ënnerwee sinn - voll gepaack mat Erënnerunge vir ze kucken, ze lauschteren an ze duerchstöberen - e klenge sneak peak vun eisem Fetz di Wall. Du wëlls och dass mir bei dir an d’Gemeng laanscht kommen an eis fir ee Weekend oder puer Deeg do nidderloossen? Dann mell dech bei eis falls du Kontakter hues: laetitia@maskenada.lu
Enn Juli an Ufank August 2025 gëtt de Park an der Stad mat Hëllef vun der LUGA an de Garten Eden verwandelt. Do naschelt Lilith vum Bam vun der Erkenntnis. Wat dat mat sech bréngt, wat de Michael an den Datanael dozou soen a wou den Adam an d’Eva bléiwen, weise mir an dëser transdisziplinärer Komedie.
Vum 26.-28. September 2025 verwandele mir d’Banannefabrik an eng grouss MASKéNADA Spielstätte. Mat Concerten, Performances a Workshops vir Grouss a Kleng widmet sech dëse Festival dräi Deeg laang der Begéinung, dem Experimentéieren an der Konscht.
Schwaarz, Weis, Dotëschent – Ee Solo vum a mam Rahel Jankowski iwwert de Versuch sech gesellschaftlech iergendwéi anzeuerdnen. An Däitscher Sproch an Zesummenaarbecht mam Kasemattentheater.
Well sou Gebuertsdagspartyen eleng ze féieren natierlech wéineg Spaass mëscht, freeë mir eis, Iech dat ganz Joer iwwer op deenen ënnerschiddleche Platze begréissen ze dierfen a mat iech ze poteren, ze danzen an ze féieren. An wat wär ee Gebuertsdag ouni Cadeauen, also begléckt eis gäre mat Ärer Präsenz, enger helping Hand an/oder engem klengen Don direkt op de MASKéKOND
Donnéeë fannt dir hei: https://www.maskenada.lu/donation.html
Nachemol e grousse Merci vir Är Ënnerstëtzung all déi Joren, a mir freeën eis iech op deem engen oder aneren Event erëmzegesinn - vlait elo schon bei "J'EXISTE" an zwou Wochen?! Méi Infos dozou weider ënnen:
|