Back to overview

 
Maskénada
 
 

Léif Frënn vun MASKéNADA,

 
 
 

Ho Ho Ho...gläich ass 2022 schonn eriwwer. Hei weise mir Iech e Virgeschmaach vu Saachen déi deemnächst bei eis komme wäerten a verséissen Iech Chrëschtdag-Zäit mat engem leschte Réckbléck vun dësem Joer.

 
 

MASKéNADA begréisst Iech op hirer zweeter neier Newsletter. Hei kritt dir ëmmer matgedeelt wat deemnächst bei eisem KënschtlerInnen Kollektiv usteet an wat dës Läscht bei eis passéiert ass. Dir fannt eis Newsletter'en och opgelëscht op eiser Homepage: https://www.maskenada.lu/newsletter.html

 
 
 

Workshop

Gesang & Gruppe


Sportstück

Körper am Ende der Welt


THROWBACK / RÉCKBLÉCK: Theater-& Lauschter-Trëppeltour

Roude Fuedem duerch de roude Buedem - Esch22


THROWBACK / RÉCKBLÉCK:
CD-Release Concert

Serge Tonnar -
JO & AMEN

 
 
Maskénada
 
 

WORKSHOP - Gesang & Gruppe

Workshopleitung: Alexandra Bentz & Fabienne Hollwege

Alexandra Bentz (Opernsängerin) und Fabienne Hollwege (Schauspielerin) leiten gemeinsam einen Workshop über Gesang und Gruppe:

  • Gesangsstimme Aufbau und Stimmfarben,
  • Körperwahrnehmung,
  • Anwendung der Gesangsstimme im Raum,
  • Einzelgesang und Gruppengesang,
  • Intonationsübungen
 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

TERMIN vum Workshop:
FREITAG  16.12.22
17h-20h

Location

BANANNEFABRIK zu Bouneweeg
12, rue du Puits,
L-2355, Luxembourg-ville

Ticket

MemberInnen vun MASKéNADA : gratis
Net-MemberInnen: 15€
Kulturpass: 1,5€

Umeldung: Mail un: info
@ maskenada . lu

 
 
 

Méi Infos op eisem Site

 

 
 
Maskénada
 
 

KÖRPER AM ENDE DER WELT

Sportstück| Kreation
Erfolg um jeden Preis? Ein junger Mensch im System Spitzensport, mit allem was dazu gehört: tägliches Training, Wettkämpfe, Leistung, Kontrolle, Zielstrebigkeit und Verzicht, Verletzungen, Macht und Missbrauch, Zweifel und Revolte, Quälerei und Freude, Sieg und Niederlagen.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar
Location

INNSBRUCK - BRUX FREIES THEATER:
28.01.2023 - 20h
31.01.2023 -20h
02.02.2023 - 20h
03.02.2023 - 20h

MIERSCHER KULTURHAUS:
16.03.2023 - 20h
Schulvorstellungen:
15.03.2023 - 10h
16.03.2023 - 10h
17.03.2023 - 10h

ABTEI NEUMÜNSTER:
26.10.2023 - 20h
27.10.2023 - 20h
Schulvorstellungen:
26.10.2023 - 10h
27.10.2023 - 10h

   

Ticket

Tickets bei den jeweiligen Theater-Häuser

 
 
 

Die Künstlerin Marion Rothhaar war in ihren jungen Jahren Deutsche Meisterin in der Rhythmischen Sportgymnastik und 1988 Olympiateilnehmerin für die damalige BRD. Ausgehend von ihren eigenen Erfahrungen und Erlebnisberichten von SpitzensportlerInnen, Medienbeiträgen und literarischen Texten bringen wir diese Thematik auf die Bühne. Performativ und humorvoll stellt Körper am Ende der Welt den Kampf der Körpers und die Drastik des Erwachsenwerdens vor dem Hintergrund des Spitzensports dar.

 

 
 

Mehr Infos auf unserer Seite

 

 
 
Maskénada
 
 

E ROUDE FUEDEM DUERCH DE ROUDE BUEDEM

 
 
 
 
 

Getrei dem Motto „REMIX CULTURE“ huet MASKéNADA fir d'Europäescht Kulturhaaptstad Esch2022, d’Fraebiller aus ale Geschichten a Legenden nei opliewe gelooss.

Inspiréiert ënner anerem aus dem Mil Goerens sengem Repertoire vun "Eiser Soen", sinn a 6 ausgewielte Südgemengen (Esch, Beetebuerg, Diddeleng, Suessem, Monnerech an Déifferdeng) 6 verschidde Projet'en entstanen. Dësen neien « Legenden-Parcours » war eng maache artistique an en Erzieltheater duerch di schéin a mystesch Minetter Natur.

Mir blécken zeréck op en wonnerschéint Kulturjoer wat eis Kollektiv nach méi zesumme geschweesst huet a soe jidderengem Merci deen dozou bäigedroen huet dass eis 6 Projet'en esou ee Succès erlieft hunn: Eis KënschterlInnen, PartnerInnen, Co-ProduzentInnen, Esch2022, Remixer/Bénévollen an natierlech eisem Publikum!

E roude Fuedem duerch de roude Buedem-2022, dat war:

  • E Lauschter-Trëppeltour zu Esch am Ellergronn,
  • En Theater-Trëppeltour an der Gemeng Beetebuerg am Obeler Bësch,
  • En Theater-Trëppeltour an der Gemeng Suessem um Zolwerknapp,
  • En Lauschter-Trëppeltour zu Diddeleng op der Haard,
  • Eng Lecture-Performance an der Gemeng Monnerech, zu Biergem beim Nëssert,
  • En Theater-Trëppeltour an der Gemeng Déifferdeng am klengen Duerf Lasauvage.

1 Lecture-Performance
2 Lauschter-Trëppeltier (Audio)
3 Theater-Trëppeltier

Nächst Joer well de MASKéNADA déi 4 Performancen déi live gespillt goufen, zesumme mat deenen 2 scho bestoenden Audio-Trëppeltier, an eng eenzeg App setzen. Esou dass et am ganze 6 Audio-Projet'en ze lauschtere gëtt. Déi eng verbonne mat engem artisteschen Trëppeltour wou et och eppes op der Plaz ze kucke gëtt. Déi aner just fir ze lauschteren.
Sidd gespaant a virwëtzeg op eise POST-Esch2022 Projet!

Méi Infos op eisem Site

All Throwback Videos fand dir op eisem Youtube Channel

An mir luerden Iech alleguerten fir op déi grouss CLOSING PARTY vun Esch2022 ze kommen, den 22.12.22 - Reservéiert Iech ären gratis Ticket:

 
 
Maskénada
 
 

Serge Tonnar - CD Release
JO & AMEN

 
 
 
 

Den 20.10.2022 gouf zu Esch an der Kulturfabrik dem Serge Tonnar & Band hier CD-Release vu hierem neien Album "JO & AMEN" präsentéiert.

Dem Serge Tonnar säin neit Wierk ass wéi en Album mat klangleche Fotoen déi an de Pandemiejoren 2020 bis 2022 geholl goufen, a stellt d'Fro vum Wäert vum Liewen an den Ae vun engem Revoltéierten, engem Kämpfer dee säi Wee geet, wäit ewech vun den Extremisme vun all Bord, an dee sech wiere muss, wéi en Don Quichotte vun der Kultur, nëmme fir Humanist ze bleiwen, eng Aufgab, déi ëmmer méi schwéier ze gi schéngt.

Musikalesch, no méi opwännege Produktiounen, geet den Album zréck bei d'Wuerzelen, mat Kläng vu Weltmusek, Blues a protest songs. De Serge gëtt begleet vun enger neier Band aus ale Bekannten.

Dir hutt d'Release verpasst?
Net schlëmm, d'CD kënnt dir Iech och an eisem Shop kafen oder en fir ënnert de Beemche kafen a verschenken.

Méi Infos an eisem Shop

 
 
Universum
 

Mat léiwe Gréiss,
de Comité vu Maskénada:

Tammy Reichling,
Sophie Meyer,
Mirka Costanzi,
Piera Jovic,
Alexandra Bentz,
Fabienne Elaine Hollwege,
Rahel Jankowski,
Laetitia Lang

 
 

Unterstützen Sie unsere
künstlerischen Projekte
mit einer Spende!

 

Donate

 

Facebook Instagram

Maskénada
12, rue du Puits
L-2355, Luxembourg
M: info@maskenada.lu
W: www.maskenada.lu

Unsubscribe here | Change your settings

 
 
Maskénada
 

Go back

Top