Back to overview

 
Maskénada
 
Maskénada
 

Léif Frënn vun MASKéNADA,

 
 
 

An schonn ass et Hierscht
& eis Rentrée huet mat engem gudde volle Programm ugefangen

 
 

MASKéNADA begréisst Iech op hierer neister Newsletter.
Hei kritt dir emmer matgedeelt wat demnächst bei eisem KënschtlerInnen Kollektiv usteet an wat dës Läscht bei eis passéiert ass.

 
 
 

Theater-Trëppeltour
Performance

Zowaasch


CD-Release Concert

Serge Tonnar -
JO & AMEN


THROWBACK / RÉCKBLÉCK:
Book-Launch & CD-Release

To LIVE heißt leben und LIEBE heißt love

 
 
Maskénada
 
 

D'ZOWAASCH
weisst Iech seng Scharf Zänn, Rout Aen, an laang Hoer

Theater-Trëppeltour | Performance
En Veranstaltung am Kader vun eisem Projet
" E roude Fuedem duerch de roude Buedem" fir d'Kulturhaaptstad Esch2022.

Duerch dat klengt verschlofent Duerf vu Lasauvage féiert dësen interaktiven Trëppeltour a léist Iech dës Uertschaft mat hirer Geschicht a wuel bekanntster Awunnerin nei entdecken: der Zowaasch! D’Seech vun der wëller Fra vu Lasauvage ass uechtert d’ganzt Land bekannt a faszinéiert zënter Joerhonnerten d’Awunner aus der Regioun. Mee wie war si iwwerhaapt? An engem performative Parcours gi mir zesumme mat Iech op eng Rees duerch Zäit a Raum a blécken zeréck bis op d’Urspréng vun dëser spannender a geheimnisvoller Geschicht, déi den Dall bis haut präägt.

Regie : Daliah KENTGES
Regie-Assistentin & Theaterpädagogin: Laetitia LANG
Autoren : Antoine POHU, Maxime WEBER, Cosimo SUGLIA
Bünebild & Kostüm: Sophie MEYER
Performance: Elena SPAUTZ, Gianfranco CELESTINO, Luc LAMESCH, Mady DURRER, Mara DARO, Ole SCHÖNE
Poppespill: Esther NGAN & Pit VINANDY
Musek & Sound Design: Luka TONNAR
Technik: Amplitude, Sven STREITZ

Projets-Leedeung: Mirka COSTANZI
Artistesch Leedung: Tammy REICHLING

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

TERMINER:
ëffentlech Virstellungen:
SAM 15.10 - 11h00
SAM 15.10 - 16h00
&
SON 16.10 - 11h00
SON 16.10 - 16h00
Schoulvirstellungen ab 12 Joer - GRATIS
12.10 & 14.10 jeweils um 10h

Location

Zu Lasauvage bei der Kierch
rue Principale, L-4698

Ticket

Tickets : SOLD OUT
Waardelëscht via mail:
info @ maskenada. lu
Normalen Tarif: 20€
Reduzeierten Tarif: 10€
Kulturpass: 1,5€

 
 
 

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis zu gudder Läscht am Mount Oktober op Lasauvage.

 
 

Méi Infos fend dir op eisem Site

Ticketen kanns du hei
reservéieren

 
 
Maskénada
 
 

SERGE TONNAR - CD RELEASE - JO AN AMEN

CD-Release | Concert

Hu mir geléiert "Jo an Amen" ze soen, Autoritéit net méi a ze hannerfroen, eis mam Wand ze dréien, ëmmer vun do wou e grad bléist ? A wann et eis trotzdeem virkënnt ze protestéieren, ass et net nëmmen am Wëllen eng besser Plaz an der Maschinn ze kréien, ouni de System selwer a Fro ze stellen ? An dem Kënschtler seng Revolt, wat ass si nach wäert, wa sisech och schéi brav am Kader vum Regime selwer mécht, déi si uprangere wëll ? Schonn den Deckel vum Album, gezeechent vum Antoine Grimée, spillt mat dëse Géigesätz, andeems se dem d'Eugène Delacroix säi Bild "La Liberté guidant le peuple" zitéiert.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

TERMIN :
SAMSCHDEN 20.10
um 20 Auer (Doors : 19.30)

Location

Am Centre culturel Kulturfabrik
116, rue de Luxembourg
L-4221 Esch-sur-Alzette

Ticket

TICKETS:
Virverkaf : 20 € (+frais)
Oweskees: 25 €

 
 
 

ERGE TONNAR & BAND

  • Rom Christnach: Bass, Gesang
  • Eric Falchero: Tasten, Gesang
  • Dirk Kellen: Battri, Gesang
  • Ben Claus: Uergel, Akkordeon, Gesang
  • Serge Tonnar: Gittar, Gesang
 
 

Méi Infos fend dir op eisem Site

Ticketen kanns du hei
reservéieren

 
 
Maskénada
 
 

THROWBACK
Book-Launch
& CD-Release

To LIVE heißt leben und LIEBE heißt love

 
 
 
 

Die Schauspielerin Fabienne Hollwege veröffentlichte am Samstag, den 24.09.22, ihr erstes Buch: "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" .
Es handelt sich um eine vielfältige Kollektion verschiedener Textsorten und Medien. Das Werk beleuchtet die geradezu utopischen Anforderungen, mit welchen Frauen sich heute konfrontiert sehen, und hinterfragt den Stellenwert von Leben und Liebe in unserer Gesellschaft.

Was heißt es, gleichzeitig Mutter, Geliebte und Künstlerin in unserer schnelllebigen Gesellschaft zu sein? Wie schafft man es, Dinge, die als gesellschaftliche Gegebenheiten akzeptiert sind, neu zu denken?
Aus feministischer Perspektive geht Fabienne Hollwege in ihrem neuen Buch, welches bei den éditions guy Binsfeld erscheinen wird, diesen Fragen nach...

Mehr Infos findest du auf unserer Homepage

Das Buch kannst du hier bestellen

 
 
Universum
 

Mat léiwe Gréiss,
de Comité vu Maskénada:

Tammy Reichling,
Sophie Meyer,
Mirka Costanzi,
Piera Jovic,
Alexandra Bentz,
Fabienne Elaine Hollwege,
Rahel Jankowski

 
 

Unterstützen Sie unsere
künstlerischen Projekte
mit einer Spende!

 

Donate

 

Facebook Instagram

Maskénada
12, rue du Puits
L-2355, Luxembourg
M: info@maskenada.lu
W: www.maskenada.lu

Unsubscribe here | Change your settings

 
 
Maskénada
 

Go back

Top