Back to overview

 
Maskénada
 
Maskénada
 

Léif Frënn vun MASKéNADA,

 
 
 

SOMMER, SONNE,
"THEATER"-SCHEIN

 
 

MASKéNADA begréisst Iech op eisem véierten Newsletter fir 2023. Hei en Iwwerbléck vu wat Iech alles am waarme Summer nach bei eis erwaart.

Bleift och ëmmer weiderhin up to date
an abonéiert eis op FB & Instagram.

 
 
 

Performance-Brunch

Patati Patata


D'Stad liest

DÉI ZWEET Prinzessin
&
Dazwischen Frei


Visitten: Lauschter-Trëppeltier

E roude Fuedem duerch de roude Buedem

 
 
Maskénada
 
 

PATATI PATATA

Performance Brunch | ab 7 Jahre

Rund um die Kartoffel kann sich das Publikum in der gemütlichen Atmosphäre des Stued Theaters 5 Stücke Kunst auf der Zunge zergehen lassen: das klassisch-musikalische Duo Klemke&Bentz, die Autorin Mandy Thiery, das Clownsduo Jac&Joe, das Komiker Duo Angy&Dan, der österreichischer Volkslieder-Sänger Laurentius Reiner. Für weitere Gaumenschmakerl im 4 Gänge-Menü sorgt das Catering Zandbergen.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

TERMINER VUM PERFORMANCE BRUNCH:
SON 13.08 | 10h00-16h00
DËN 15.08 | 10h00-16h00

Location

@STUED THEATER
18a, route du vin
L-6794 Gréiwemaacher

Ticket

Tickets op eiser MASKéNADA-Säit ze fannen.

 
 
 

Im Rahmen des 15ten Geburtstags des STUED Theaters präsentiert MASKéNADA seinen ersten Performance Brunch.

 
 

Mehr Infos zum Performance Brunch: hei

Ticketen findest du hier

 
 
Maskénada
 
 

DÉI ZWEET PRINZESSIN

Am Kader vun "D'Stad liest"|
Kannertheaterstéck mam Rahel Jankowski

Et waren emol zwou Prinzessinnen, déi Éischt an déi Zweet Prinzessin. Déi éischt Prinzessin war super gären déi Éischt Prinzessin, awer déi Zweet hat et guer net gären ëmmer dat Zweet ze sinn. Haut wäert déi Zweet Prinzessin all säi Mutt brauchen. Well et ass schonn net ganz einfach erauszefannen, wat genau engem feelt. Dat dann och nach
auszeschwätzen, ass ouni Zweiwel méi schwéier...
Am Kader vun "D'Stad liest" fënd dëst Kanner-Matmaach-theaterstéck elo am Summer am Open Air bei der Kathedral statt.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

TERMINER vun der "2ter Prinzessin":
- MËTT 16.08 | 11h15
- SAM 26.08 | 11h00

Location

@Haff nierft der Kathedral
(Rue Notre-Dame)

Ticket

Gratis & soulaang Plaze fräi sin,
Reservatioun net erfuerderlech

 
 
 

SCHMÖKEREN, THEMENOWENDER A LIESUNGEN
Am Haff nieft der Kathedral (rue Notre Dame) invitéiert dës Fräizäitbibliothéik all Lieser - egal ob et Awunner oder Visiteuren vun der Haaptstad sinn - sech ënner dem grousse Bam an der Mëtt vum Haff ze nidderloossen an duerch eng Auswiel u Bicher, Zäitschrëften an Dageszeitungen. D'Auswiel u Bicher riicht sech u Kanner an Erwuessener! Donieft sinn eng grouss Unzuel u Liesungen an Ateliere während dem Dag an am Laf vun den Owend Eventer statt.

 
 

Weider Infos vun "D'Stad liest"

 

 
 
Maskénada
 
 

DAZWISCHEN FREI

Im Rahmen von "D'Stad liest" |
Live-Concert mit Lesung von & mit Fabienne Hollwege, Sven Sauber & Pol Belardi.

Eine performative Konzert-Lesung mit Texten, Songs, Videos und Collagen aus dem Buch „To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love“ / Éditions Guy Binsfeld. „Dazwischen frei“ erzählt auf musikalisch-literarische Weise vom Spagat zwischen Rollenbildern, Anforderungen, Erwartungen und Sehnsüchten, dem Alltag als „Frau“, Mutter und Künstlerin.
Durch Wechsel zwischen performativen Bildern, Texten, Songs und Videos werden Themen wie Schwangerschaft, Geburt, Care Arbeit und das Lieben & Leben an sich auf unterschiedliche Weise sichtbar gemacht.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

TERMIN von "Dazwischen frei":
SAM 02.09 | 18h30

Location

@Hof neben der Kathedrale
(Rue Notre-Dame)

Ticket

Freier Eintritt im Rahmen des verfügbaren Platzes, Reservierung nicht erforderlich

 
 
 

SCHMÖKERN, THEMENABENDE UND LESUNGEN
Diese Bibliothek unter freiem Himmel im Hof neben der Kathedrale (Rue Notre Dame) lädt alle Lesebegeisterten - ganz gleich, ob sie nun Einwohner/innen oder Gäste der Hauptstadt sind - dazu ein, es sich unter dem großen Baum inmitten des Hofes gemütlich zu machen und in einer Auswahl aus Büchern, Zeitschriften und Tageszeitungen zu schmökern. Die Auswahl der Bücher richtet sich an Kinder und Erwachsene! Darüber hinaus findet tagsüber sowie im Zuge von Abendveranstaltungenals eine Vielzahl von Lesungen und Workshops statt.

 
 

Weider Infos vun "D'Stad liest"

   
 
Maskénada
 
 

"De sëlwer-roude Rack"

Lauschter-Stéck | Esch/Ellergronn

An Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung gett een guidéierten Lauschter-Trëppeltour duerch den Ellergronn organiséiert. Hei kanns du mat der ganzer Famill, mat Frënn oder alleng déi al So vum “Ellergronner Schlass” nei erliewen. Wéi huet eng Fra vun engem Ritter am fréie Mëttelalter gelieft? Um Wee duerch de Bësch entdecks du Objeten aus der Zäit vum wëlle Ritter a kanns d’Geschicht a 4 verschidde Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch a Portugisesch) lauschteren. Du brauchs just am Virfeld eng App („Roude Fuedem“) erofzelueden, fir dono d’QR-Coden déi am Bësch verdeelt sinn domadder anzescannen: esou kanns du op de verschiddene Statiounen Deeler vun der Geschicht op dengem Handy lauschteren oder just eng Foto erblécksen. Eng zousätzlech Kaart vum Trëppeltour, déi s du op der Plaz fënns, weis dir net nëmmen de Wee, mee hei erwaarden dech och weider Iwwerraschunge fir nom Trëppeltour ze maachen. Net Vergiessen: deng Kopfhörer an ee geluerdenen Handy matzebrengen.

Vill Spaass beim Lauschteren an Entdecke fir Grouss a Kleng.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

Event vum Lauschtertrëppeltour:
SAM 22.07 | 14h00-16h00

Location

@Centre nature et forêt Ellergronn
Rue Ellergronn, L-4114, Esch/Alzette

Ticket

Umeldung iwwert de Site vun der Erwuessebildung

 
 
 
 

Weider Infos vum Event & Reservatioun vum TICKET

   
 
Maskénada
 
 

"Malleus Maleficarum 2.2"

Balade radio-phonique | Dudelange/Haard

Le dernier parcours sonore est sur notre application "Roude Fuedem". On invite tout le monde à nous rejoindre à cet événement de relancement.
Le long d’un parcours auditif sur la colline du Haard à Dudelange, ce parcours vous invite à découvrir la puissance des femmes d’aujourd’hui et d’autrefois. Peu importe les rôles qu’elle revêt, la sorcière moderne se définit par sa force intérieure, par sa liberté intellectuelle et émotionnelle, par le simple fait de son auto-détermination. Accompagné.e.s de la voix de la femme serpent nous rencontrerons des témoignages de femmes des horizons les plus divers. Téléchargez en avance l’application « Roude Fuedem » et n’oubliez pas d‘amener vos écouteurs. Au départ, scanner le seul QR code du trajet pour lancer la balade radiophonique tout en continuant la signalétique avec les bobines rouges.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

RDV du relancement à Dudelange:
09.09.2023 | 15h - 18h*

Location

@Cour du Centre Culturel « Opderschmelz » à Dudelange

Ticket

envoyer un mail à mirka@maskenada.lu pour vous inscrire.

 
 
 
 

Plus infos sur l'événement et le parcours radiophonique

   
 
Maskénada
 
 

RECAP:
DAZWISCHEN FREI
@Mierscher Theaterdeeg

 
 
 
 

Merci dem Publikum für die beiden berührendenen Abende vom 3 & 4 Juni. Mehr Infos zu den "Mierscher Theaterdeeg" hier.


Eine performative Konzert-Lesung mit Texten, Songs, Videos und Collagen aus dem Buch „To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love“ / Éditions Guy Binsfeld - von und mit Fabienne Hollwege, zusammen mit dem Musiker Sven Sauber.
Mit ein bis zwei Musikern bietet die Künstlerin Fabienne Hollwege „Dazwischen FREI“ als performative Konzert-Lesung an. Abwechslungsreich durch integrierte Videos, vertonte Gedichte und Collagen, führt Fabienne durch einen Abend mit dem Schwerpunkt auf den oft unausgesprochenen Frei(T)Räumen der Frau.

Das performative Konzept von 70 Minutten kann sowohl in Buchläden, Bibliotheken (mit vorhandener Technik) , wie auch an kulturellen Orten angeboten werden.

Auf Anfrage:

 
 
Maskénada
 
 

RECAP:
CIRCÜS TONNARELLI
& JONN HAPPI

 
 
 
 

De weltwäit eemolegen a weltbeschten JONN HAPPI wor am Juni & Juli 2023 op dräi Campinger mam weltbeschten a weltwäit eemolegen CIRCÜS TONNARELLI ënnerwee.

De Serge Tonnar a seng Band hunn sech associéiere fir mat der Konschtfigur Jonn Happi e weltwäit eemolegen a weltbeschte Spektakel op d'Been ze setzen. 11 Optrëtter op 3 Plazen am Land. Mam Zirkuszelt goung et op de Camping Bellevue op Berdorf, op de Camping Kautebaach, an op de Camping an der Fuussekaul. De Publikum konnt esou och nom oder virum Optrëtt d'Nuecht um Camping verbréngen, Kultur & Vakanz doheem.

Am Mëttelpunkt vum Programm stung déi weltbescht a weltwäit eemoleg Lidder vum Serge a senger Band. Et wor also eppes wéi e gemittleche Concert an engem flotte Kader, wann do net de Meeschter vum Haus (oder vum Zelt) wär, den Zirkusdirekter, de Showmaster, den MC, de weltwäit eemolegen a weltbeschten Jonn Happi. Wollt hien de Museker d'Show klauen? Oder sinn et d'Museker, déi hien an de Schied setze wollten? Et wor e Spannungsfeld tëscht de Kënschtler an den Disziplinnen: Musek, Kaméidi, Jonglerie, Slapstick, Zirkuskonscht, Cabaret… De Publikum gouf, ob e wollt oder net, mat eragezunn a huet sech missten selwer entscheeden, ob et fir ze laachen, oder fir ze kräischen war.

Mir soen Äddi & Merci ...an Bon voyage!

 
 
Universum
 

Mat léiwe Gréiss,
de Comité vu MASKéNADA:

Piera Jovic,
Sophie Meyer,
Mirka Costanzi,
Rahel Jankowski,
Fabienne Elaine Hollwege,
Laetitia Lang,
Alexandra Bentz,
Tammy Reichling

 
 

Unterstützen Sie unsere
künstlerischen Projekte
mit einer Spende!

 

Donate

 

Facebook Instagram

Maskénada
12, rue du Puits
L-2355, Luxembourg
M: info@maskenada.lu
W: www.maskenada.lu

Unsubscribe here | Change your settings

 
 
Maskénada
 

Go back

Top