Detail Detail

Donate
Fritte-Legend(en) vum Annick Sinner

Fritte-Legend(en) vum Annick Sinner

"Wéi een eng Sérigraphie mécht, dat wollten de Misch Feinen an ech schonn ëmmer wëssen. Dofir hat hien eis e Mëtteg am Atelier vum Funes Bruno organiséiert. A wéi mer do un eisen éischten Dréck geschafft hunn, hu mer rondrëmgesponnen. D'Preparatioune fir den 20 Joer Gebuertsdagsprojet vu MASKéNADA "Friture Henriette" wore voll am gaangen an ech wollt och nach een "Frittebäitrag" maachen. Firwat also net eng Sérigraphie drécken? Eng "Fritte-Legend" z.B., esou wéi et der zeg fir Nuddele gëtt. Natierlech ass et net bei enger Opreihung vu verschiddene Fritten-Zorte bliwwen, mee et sinn eenzel kleng Geschichten entstanen." (Annick Sinner)

Bestellt dem Annick Sinner seng handsignéiert "Fritte-Legende(n)" am MASKéNADA-SHOP. Ee flotte Kaddo fir Grouss a Kleng mat ville Geschichte ronderëm d'Fritte fir ze kucken an ze liesen.

Präis: 50 Euro

Dimensiounen: 44 * 62 cm

Dier kënnt se op Rendez-vous (info@maskenada.lu) am Büro (Banannefabrik 12, rue du puits, 2355 Bouneweg) ofhuelen.

50,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top