Detail Detail

Donate

Serge Tonnar: Jo an Amen

 

SERGE TONNAR & BAND:

Rom Christnach: Bass, Gesang
Eric Falchero: Tasten, Gesang
Dirk Kellen: Battri, Gesang
Ben Claus: Uergel, Akkordeon, Gesang
Serge Tonnar: Gittar, Gesang

Hu mir geléiert "Jo an Amen" ze soen, Autoritéit net méi a ze hannerfroen, eis mam Wand ze dréien, ëmmer vun do wou e grad bléist? A wann et eis trotzdeem virkënnt ze protestéieren, ass et net nëmmen am Wëllen eng besser Plaz an der Maschinn ze kréien, ouni de System selwer a Fro ze stellen? An dem Kënschtler seng Revolt, wat ass si nach wäert, wa si sech och schéi brav am Kader vum Regime selwer mécht, déi si uprangere wëll? Schonn den Deckel vum Album, gezeechent vum Antoine Grimée, spillt mat dëse Géigesätz, andeems se dem d'Eugène Delacroix säi Bild La Liberté guidant le peuple zitéiert.

Dem Serge Tonnar säin neit Wierk ass wéi en Album mat klangleche Fotoen déi an de Pandemiejoren 2020 bis 2022 geholl goufen, a stellt d'Fro vum Wäert vum Liewen an den Ae vun engem Revoltéierten, engem Kämpfer dee säi Wee geet, wäit ewech vun den Extremisme vun all Bord, an dee sech wiere muss, wéi en Don Quichotte vun der Kultur, nëmme fir Humanist ze bleiwen, eng Aufgab, déi ëmmer méi schwéier ze gi schéngt.

D'Texter bezéie sech deelweis op d'Pandemie an d'Reaktioun drop vun der Gesellschaft, ma virun allem awer op d'Froe ronderëm déi fundamental a géigesätzlech Kräften déi d'Mënschen (nees) entdeckt hunn : Gesondheet a Krankheet, Léift an Haass, Ekologie an Onbewosstsinn, Courage a Feigheet, Fräiheet a Gehorsam…
Et geet rieds vun dëse weesentleche Wäerter, déi mir fir kuerz Zäit an der Kris nees geschat hunn, fir se gläich nees ze vergiessen, wann den Alldag erëmkënnt. Trotz den eeschten Theemen an den ustrengende Jore fir e Museker, feelen och hei den Humor an d'Ironie awer net, ouni déi d'Liewen net auszehale wären.

Musikalesch, no méi opwännege Produktiounen, geet den Album zréck bei d'Wuerzelen, mat Kläng vu Weltmusek, Blues a protest songs. De Serge gëtt begleet vun enger neier Band aus ale Bekannten.

1. Um Holzwee (4:14)

2. Guer keng Fro (4:27)

3. Fäertaasch (3:50)

4. Léiwer Herrgottsblieschen (2:11)

5. Iwwerall wou ech higinn (4:01)

6. Gëff mer nach eng Chance (4:11)

7. Muer ass ofgesot (4:54)

8. Jo an Amen (4:15)

9. An dengen Äerm (4:54)

10. All d'Mënsche ginn nees Bridder (4:49)

11. Bleif nach eng Weil (3:45)

 

Eng Produktioun vum Serge Tonnar & MASKéNADA

©zwerschtomat2022

18,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top