Live Concert: Am TNL, den 05 & 07.02.2025
https://www.tnl.lu/kapoutty
LP-Release: März 2025
De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan - Den Duo Tonnar Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d'Geschichten nees am Mëttelpunkt stinn, mam Serge senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges senge Pianoskläng, déi wéi d'Fauscht op d'A passen. No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm "Aus derHeemecht", hunn si elo hiren neien Album "KAPOUTTY" am Gepäck. Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi "Déi Schnëss" oder "De schéine Poli", kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner opreegend) ze héieren. Den Album gouf komplett analog zu Amsterdam opgeholl gemixt a gemastered, dat an der Lullabye Factory. Fir de Cover vun der LP huet de Raphael Gindt e Graffiti vum Poutty Stein zu Colmar-Bierg realiséiert, dem Poutty senger Heemechtsgemeng.
A. Säit
1. De schéine Poli (4:55)
2. Mee wann (3:25)
3. D'Lidd vum aarme Jang (4:07)
4. Kneck! (2:30)
5. Nationalmarsch (3:54)
6. Mäi Frënd, de Bumski an ech (3:52)
B. Säit
1. Jalous (2:29)
2. Fir zwou Mark (4:12)
3. Déi Schnëss (3:18)
4. D'Quiselchen (4:09)
5. Op der Schänzchen (5:13)
Serge Tonnar: Gesang, Gittar, Gittaleelee, Bass, Perkussioun
Georges Urwald: Piano, Hammond, Rhodes, Battri, Perkussioun, Gesang
Alles analog opgeholl, gemixt a gemastered: vum Christoph Walter an Tim van Veen an der Lullabye Factory Amsterdam
Graffiti : vum Raphael Gindt (am Optrag vun der Gemeng Colmer)
Virlag: aus der Sammlung vum Guy Schons
Foto Cover: vum Laurent Sturm
Layout & Biischten: vum Fabi